Faarwen sollen op der Wiki sou (spuersam) agesat ginn, datt dat allgemengt Bild vun de verschiddenen Wikien erhale bleift. An Artikelen solle Faarwen nëmmen dann agesat ginn, wann si inhaltlech sënn maachen. Op Portaler kann et mol méi faarweg hiergoen, an op senger Benotzersäit kann all Benotzer Faarwen asetzen, souvill a wéi hie wëllt.

Faarwen asetzen

änneren

Grad sou wéi am HTML ginn an der MediaWiki Software d'Faarwen mëttels CSS bannent engem style-Attribut definéiert. Et brauch een dofir follgend Elementer:

• Eng Koppel HTML-Tags fir e Beräich ze delimitéieren:  fir Beräicher,
fir Paragraphen (funtkionéiert u sëch et mat quasi allen Tags, déi Texter ëmschléissen).
• e style-Attribtut, wat d'CSS-Uweisungen enthällt: style=""
• faarfrelevanten CSS: color , background-color oder border-color
• Faarfwerter: entweder Nimm wéi z. B. darkblue (ëmmer op Englesch) oder hexadezimal Coden am Format #RRGGBB , woubäi déi jeeweileg Grondfaarwewäerter Rout (RR), Gréng- (GG) a Blo (BB) tëscht 00 an FF (entsprécht dezimal 255) leien.
Aktioun Wikitext Resultat
Gefierften Text  Text  Text
Gefierfte Paragraph
Paragraph

Paragraph

Hannergrond fir e kuerzen Text  Beispill  Beispill
Hannergrond fir e Paragraph
Paragraph

Paragraph

Gefierften Text + Hannergrond fir e Paragraph
Paragraph

Paragraph

Hannergrond vun enger Tabellenzell style="background-color:#fedbca;" | Text Text

Rot soll als Textfaarw an Artikelen net agesat ginn.

Hannergrondfaarwen

änneren

D'Wikimedia Software gesäit standardméisseg eng Partie Hannergrondfaarwe vir, déi an alle Skins déi selwecht sinn. Op der lëtzebuergescher Wikipedia kënnen déi Werter aus der däitscher Wiki agesat ginn, z. B. hintergrundfarbe5 .

Beispiller:

• Bannent fléissendem Text oder enger Textzeil
• bannent enger Textzeil
• eppes méi schéin mat Ofstänn lénks a rechts (padding)
• bannent enger Textzeil
• Blockweis

Text, Biller, Tabellen asw.

Klassen-Numm Kuerz Beschreiwung Faarf an alle Wikipedia-Skins
hintergrundfarbe1 Wéi class="wikitable" #F9F9F9
hintergrundfarbe2 „wäiss“, fir Net-Artikel-Säiten, neutral #FFFFFF
hintergrundfarbe3 „giel“, opfalend #FFFF40
hintergrundfarbe4 staark opfalend #FFAA00
hintergrundfarbe5 neutral, ofgesat #E0E0E0
hintergrundfarbe6
Allgemeng „bont“,
fir z'ënnersträichen
oder z'ënnerscheeden
#B3B7FF
hintergrundfarbe7 #FFCBCB
hintergrundfarbe8 #FFEBAD
hintergrundfarbe9 #B9FFC5

Rummfaarwen

änneren

D'Wikimedia Software gesäit fir Rummfaarwen och standardméisseg eng Partie Werter vir, déi an alle Skins déi selwecht sinn. Op der lëtzebuergescher Wikipedia kënnen och hei déi Werter aus der däitscher Wiki agesat ginn, z. B. rahmenfarbe3 .

Beispill:  Text

Klassen-Numm Kuerz Beschreiwung Faarf
rahmenfarbe1 Wéi beim Inhaltsverzeechnes rahmenfarbe1
rahmenfarbe2 fält net op, klénge Kontrast rahmenfarbe2
rahmenfarbe3 rout, opfalend rahmenfarbe3
rahmenfarbe4 neutral Faarf, deitlech rahmenfarbe4
rahmenfarbe5 „schwaarz“, staarke Kontrast rahmenfarbe5

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren