Ministère de la Recherche et de l'Enseignement supérieur

lëtzebuergesche Ministère
(Virugeleet vu(n) Héichschoulministère)

Deen dacks just Héichschoulministère genannte Ministère fir Fuerschung an Héichschoul (fr: Ministère de la Recherche et de l'Enseignement supérieur) ass e Ministère zu Lëtzebuerg.

Ministère de la Recherche et de l'Enseignement supérieur
Ministère fir Fuerschung an Héichschoul
Land Lëtzebuerg
Minister Stéphanie Obertin
Verwaltungssëtz Lëtzebuerg
Adress 18-20, montée de la Pétrusse L-2327 Lëtzebuerg
Ënnersteet der/dem Lëtzebuerger Regierung
Um Spaweck https://mesr.gouvernement.lu/

Virum 17. November 2023 housch e Ministère de l'Enseignement supérieur et de la Recherche.

Allgemenges änneren

De Ministère ass verantwortlech fir d'Organisatioun vun der Héichschoullandschaft zu Lëtzebuerg. Am Beräich vun den Héichschoulstudien accordéiert en déi finanziell Hëllefe vum Staat an deels och international Bourssen. En ass do dernieft zoustänneg fir déi auslännesch Héichschoultitelen a –qualifikatiounen unz'erkennen a fir déi national Politik am Beräich vun der ëffentlecher Fuerschung ze definéieren, ze koordinéieren an ëmzesetzen.

Kompetenz vum Ministère änneren

D'Servicer a Verwaltungen déi ënnert d'Kompetenz vum Héichschoulministère falen, sinn am interne Reglement vun der Regierung festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.:

  • Allgemeng Politik vun der nationaler ëffentlecher Fuerschung an den Héichschoulen:
  • Formatioune fir de Brevet de technicien supérieur (BTS) a Coursen, déi vun den unerkannte spezialiséierte Fachhéichschoulen ugebuede ginn
  • Héichschoul- an Universitéitsstuden: allgemeng Politik; Informatioun iwwer Héichschoul- an Universitéitsstudien; finanziell Ënnerstëtzung Héichschoulstudien; international Bourssen; Logementer fir Studenten an Doktoranden; Verwaltung vu private Boursse vu Fondatiounen; Relatioune mat de Studentenassociatiounen; Studentefoire
  • Unerkennung vun auslännesche Studiecertificaten a Beruffsqualifikatiounen am Héichschoulberäich
  • Sekundär Notzung vun Datë fir d'Fuerschung an d'Innovatioun
  • Politik vun der „oppener Wëssenschaft“ fir wëssenschaftlech Donnéeën a Publikatiounen
  • Berodungskommissiounen, ë. a.:
    • National Ethikkommissioun
    • Kommissioun fir d'Unerkennung vu Beruffsqualifikatiounen
    • berodend Kommissioun fir Finanzhëllef fir Héichschoulstudien

Institutiounen ënner der Tutelle vum Ministère änneren

Wirtschaftlech Interessevereenegungen änneren

  • Centre de gestion pour la formation continue et professionnelle universitaire
  • Luxembourg Media and Digital Design Center (LMDDC)
  • Plateforme nationale d'échange de données (PNED)
  • Luxinnovation
  • Institut de la propriété intellectuelle Luxembourg (IPIL)

Fondatiounen änneren

  • Max Planck Institute Luxemburg for International
  • European and Regulatory Procedural Law
  • Réseau télématique de l'Éducation nationale (RESTENA)

Anonym Gesellschaften änneren

ASBLen änneren

  • Agence nationale pour le programme européen d'éducation et de formation tout au long de la vie (ANEFORE) (zesumme mam Educatiounsministère)

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Ministère de la Recherche et de l'Enseignement supérieur – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung

Referenzen an Notten änneren

  1. Constitution des Ministères am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement.