Gustave de Marie

lëtzebuergesche Politiker

De Gustave Gabriel Nicolas de Marie, gebuer den 9. September 1842 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 18. Februar 1915, war e lëtzebuergeschen Händler a Politiker.

Gustave de Marie
Gebuer 9. September 1842
Gestuerwen 18. Februar 1915
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Geschäftsmann
Famill
Papp Gabriel de Marie

Hie war vun 1871 un am Gemengerot vun Ettelbréck, a vun Januar 1879 bis Mee 1885, an dann nees vu Mäerz 1905 bis Dezember 1914, hire Buergermeeschter.[1]

Vun 1880 vis 1889 war hien Deputéierten an der Chamber.

Vun 1880 bis 1915 war hie President vun der Lëtzebuerger Pompjeesfederatioun; hie war och President vum Conseil supérieur pour le service d'incendie, a Grënnungsmember vun der Fédération nationale des commerçants. Vun 1883 bis 1915 war hie Representant vum Handel an der Chambre de commerce.

Hie war dat jéngst Kand vum Gabriel de Marie a gouf 1863 mat der Marguerite Tschiderer bestuet, mat där en zwee Kanner hat.

Gielercher änneren


Referenzen änneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: [1], [2], [3].