Gustaaf Deloor

belsche Vëlossportler
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Gustaaf Deloor gebuer de 24. Juni 1913 zu De Klinge a gestuerwen den 28. Januar 2002 zu Mechelen war e belsche professionelle Vëlossportler. Hien ass besonnesch bekannt well hien déi zwou éischt Editioune vun der Vuelta a España gewonnen hat, dovun déi zweet mat sengem Brudder Alfons als zweeten um Podium.

Gustaaf Deloor
Gebuer 24. Juni 1913
De Klinge
Gestuerwen 28. Januar 2002
Mechelen
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Vëlossportler, Zaldot, Mecanicien

Beim Ausbroch vum Zweete Weltkrich war den Deloor als Zaldot am Fort vun Ében-Émael stationéiert. Bei der däitscher Attack op Ében-Émael gouf hie mat 1.200 belschen Zaldote gefaange geholl a koum an d'Lager Stalag II-B a Pommern, eent vun de schlëmmste fir Krichsgefaangen. En däitschen Offizéier dee sech fir Sport intresséiert huet, huet hien erkannt an him eng Plaz an der Lagerkiche verschaaft, sou datt e keng schwéier Aarbechten huet misse maachen. Wéinst dem Hitler senger Flamepolitik konnte belsch Krichsgefaangen déi de Sproochtest am Flämesche bestanen haten scho viru Krichsenn heemgoen. Wéi den Deloor an der Belsch ukoum war säin Haus zerstéiert, an hien huet probéiert sech mat engem Pneuenhandel iwwer Waasser ze halen. Well dat Geschäft sou gutt wéi näischt abruecht huet, huet hie sech 1949 op no Amerika gemaach fir do säi Gléck ze versichen.

Do huet hien am Ufank haaptsächlech vu Geleeënheetsaarbechte gelieft déi dacks ne méi wéi zwou oder dräi Woche gedauert hunn. En huet awer no an no besser englesch geschwat, an nodeems e sech en Occasiunsauto konnt kafen, huet hie sech op de Rot vu belsche Bekannten hin, iwwer d'Route 66 op de Wee a Kalifornie gemaach fir do bei d'Marquardt Corporation schaffen ze goen. Déi Firma hat sech Ufanks der 40er op de Bau vu Motoren an Undriffssystemer wéi Staustraldreifwierker spezialiséiert an huet op Demande vun der North American Aviation Rakéitendreifwierker fir den Apollo-Programm entwéckelt. Am Departement wou hie geschafft huet, gouf den R-4D-Motor entwéckelt. Hien huet sech als gudde Mecanicien entwéckelt a war bei villen Teste mat derbäi, sou datt hie vill tëscht der Nevadawüst a Cape Canaveral hin an hier gependelt ass. Zum Schluss hat hie beim Bau vun iwwer 800 Dreifwierker matgeschafft, wouvun der 16 beim Moundprogramm an den Asaz koumen.

Palmarès änneren

1932

  • 1. am Tour des Flandres indépendant
  • 1. am Tour du Nord-Ouest du Brabant
  • 2. am Circuit du Sud

1934

1935

1936

1937

1939

Quell änneren

  • Wou net anescht uginn: Gustaaf Deloor, de la Vuelta a la Luna vum Juanfran De la Cruz.