Gust Altzinger
De Gustave (Gust) Altzinger, gebuer den 10. Februar 1928 zu Schëffleng[1], a gestuerwen de 5. August 2020 zu Esch-Uelzecht[2], war e lëtzebuergesche Professer.
Gust Altzinger | |
---|---|
Gebuer |
10. Februar 1928 Schëffleng |
Gestuerwen |
5. August 2020 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Lycéesprofesser, Professer, Chimist |
Member vun | Société des naturalistes luxembourgeois, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques vum Institut grand-ducal |
Professer am Escher Jongelycée
ännerenNo sengem Premièresexamen am Joer 1948 am Escher Jongelycée (LGE) huet de Gust Altzinger Naturwëssenschafte studéiert (Cours supérieurs zu Lëtzebuerg, Universitéite vu Stroossbuerg a Paräis). 1952 huet hien am Kader vun der Collation des grades, säin Dokoratsexame mat der Chimie als Spezialitéit gemaach.[1] Säi Stage huet de Gust Altzinger 1953 mat Erfolleg am Escher Jongelycée ofgeschloss an am Juli 1955 krut hie seng definitiv Nominatioun als Professer an deem Lycée.[3] Hien huet virun allem Chimie enseignéiert.
Professer um Centre universitaire
ännerenVun 1969 bis 1974 huet hien als "Chargé de cours" Chimie générale op de Cours universitaires enseignéiert a vun 1975 un als Professer fir Chimie générale et minérale op dem Département des sciences vum Centre universitaire, dem Nofollger vun de Cours supérieurs. Hien huet och Chimie am Département de formation pédagogique vum Centre universitaire enseignéiert.[1] 1992 ass hien an d'Pensioun gaangen, huet awer spéider nach am Séminaire d'histoire des sciences et de la médecine matgeschafft.
Member vun der SNL an dem Institut grand-ducal
ännerenVun 1955 u war de Gust Altzinger Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL).[4] Vun 1959 u war hien och Member vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal.[1]
De Gust Altzinger huet eng ganz Rei vu Konferenzen am Kader vun der SNL a vun der Section des sciences gehalen, déi hire Nidderschlag als kuerze Resümmee oder als Artikel an de Bulletine vun der SNL oder den „Archives“ vun der Section des sciences fonnt hunn.
Publikatiounen
ännerenArtikelen
änneren- Altzinger, G., 1959. Les facteurs de croissance des microorganismes ou les « vitamines microbiennes ». Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 62(1957), p. 34-41.
- Altzinger, G., 1961. Les radioisotopes et leurs applications en biochimie. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 63(1958), p. 115-117 [séance du 27 janvier 1958].
- Altzinger, G., 1962. Le titane et le zirconium. Travaux remarquables de W.J. Kroll, membre d'honneur de la S.N.L. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 64(1959), p. 102-104 [séance du 9 mars 1959].
- Altzinger. G, 1989. La chimie dans l'enseignement secondaire de 1939 à 1989. Ré-création : magazine culturel de l'APESS 5 (1989), p. 269-283.
- Altzinger, G., 1995. Les dissertations scientifiques présentées de 1852 à 1982 par nos professeurs de chimie de l'enseignement secondaire et supérieur et leur contribution à la recherche nationale et internationale. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, section des sciences naturelles, physiques et mathématiques, N.S. 41 (1985-1994), p. 103-115.
- Altzinger. G. & P. Reckel, 2000. Histoire de l'Aspirine au Grand-Duché de Luxembourg. Bulletin de la Société des sciences médicales du Grand-Duché de Luxembourg 2000 (1), p. 55-73.
- Altzinger, G., 2002. Jacobus Henricus van't Hoff (1852-1911), premier Prix Nobel de chimie 1901 (résumé de la conférence du 22 octobre 2001). Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, section des sciences naturelles, physiques et mathématiques NS 44, p. 305-306.
Schoulbicher
änneren- Altzinger, G. & J. M. Peiffer. 1992. Cours de chimie. Classe de 2e E. Édition provisoire. Ministère de l'Éducation nationale, Luxembourg, 88 p., 36 photos en annexe.
- Altzinger, G. & J. M. Peiffer, 1993. Cours de chimie : classe de 1ère E, section artistique, option arts. Ministère de l'Éducation nationale, Luxembourg, 147 p.
- Altzinger, G. & J. M. Peiffer, 1994. Cours de chimie : classe de 2e E, section artistique, option arts. Édition définitive. Ministère de l'Éducation nationale, Luxembourg, 134 p., 23 f. de pl.
- Altzinger, G. & J. M. Peiffer, 2010. Cours de chimie : classe de 2e E, section artistique, option arts. Édition définitive. Ministère de l'Éducation nationale Luxembourg, X, 147 p., 23 f. .
Literatur
änneren- Seck, P., 2020. En mémoire de Gust Altzinger. Luxemburger Wort 2020-10-10, S. 104.
Referenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 1,2 1,3 Seck 2020.
- ↑ Luxemburger Wort 2020-08-08, S. 66 (Avis mortuaires).
- ↑ Chroniques des établissements d'enseignement secondaire et normal 1953-1954 (S. 136) an 1954-1955 (S. 130).
- ↑ Membres reçus depuis la publication du bulletin 1953. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, N° 59 (1954), S. 244.