E Ghostwriter ass eng Persoun, déi fir eng aner en Text schreift (en Artikel, e Buch, eng Ried,...), ouni datt hien oder si als Auteur ernimmt gëtt, a sou den Androck entsteet, déi (dacks prominent) Persoun, déi offiziell als Auteur uginn ass, hätt deen Text selwer geschriwwen.

Ghostwriter fënnt een dacks bei Autobiographië vu bekannte Perséinlechkeeten, déi keng Zäit oder Loscht (oder net genuch Talent fir ze schreiwen) hunn, selwer en déckt Buch ze schreiwen, oder bei Rieden oder Texter (Virwierder asw. vu Bicher) vu Politiker, déi ze beschäftegt sinn, fir stonnelaang un engem Text ze knaen.

Et fënnt ee Ghostwriter och bei Kollektiounen, déi e Pseudonym als Auteur hunn, wou awer een oder méi anonym Auteuren derhannert stiechen.

Vum Roman Polanski gëtt et e Film, dee sou heescht, an deem et ëm e Ghostwriter geet, deen engem fréiere brittesche Premierminister seng Memoirë schreiwe soll, a bei senge Recherchen iwwer deem seng Vergaangenheet méi erausfënnt, wéi e soll ...