De British Museum ass den nationale Musée vum Vereenegte Kinnekräich a steet an der Great Russell Street zu London. Seng Sammlung vu Konschtwierker queesch duerch eng Millioun Joer Mënschheetsgeschicht ass eng vun deene gréisste vun der Welt: eng 30 Milliounen Objete ginn do versuergt, wouvunner dann och just e Brochdeel ausgestallt gëtt. Dat eelsten Exponat ass stenge Geschier aus der aler Oldowanescher Period (1.600.000 bis 700.000 v. Chr.), dat rezetste si Mënzen, déi virun kuerzem geklappt goufen. Dat schwéierst ass eng Paart vu 16 Tonnen, mat engem Stéier mat Flilleken aus Dur-Sharrukin, dat liichtst eng butzeg Mënz aus Nepal vun 0,002 Gramm.

Viischt Fassad mat der Haaptentrée
Great Court

De Musée huet iwwer 6 Millioune Visiteuren am Joer.

Geschicht änneren

De Musée ass entstanen, wéi de Sir Hans Sloane (1660-1753) seng grouss Sammlung vu Konschtwierker a Bicher dem Staat vermaach huet. D'brittescht Parlament huet dofir 1753 de British Museum Act gestëmmt, fir datt se, zesumme mat Donatioune vun der Famill Cotton an de Grofe vun Oxford, versuergt an ausgestallt kéinte ginn. Déi néideg Sue sinn iwwer eng Lotterie erakomm. D'Sammlunge goufen dorophin am Montagu House ënnerbruecht, da 1686 vum P. Puget gebaut gi war. De Musée gouf 1759 offiziell ageweit. Et war dës deen éischte Musée, deem seng Kollektiounen der Natioun, an net engem Privatmann, oder z. B. der Kierch, gehéiert hunn.

No an no koume weider Schenkungen derbäi, ë. a. vum James Cook, deen dat, wat e wärend sengen Expeditiounen am Pazifik doruechter fonnt hat, dem Musée geschenkt huet. Uganks vun den 1800er Jore koumen déi archeologesch Sammlungen, déi d'Fransousen an Egypten hu missen zeréckloossen derbäi (dorënner de Stee vu Rosetta), soudatt de Musée geschwënn ze kleng war.

1823 huet de Robert Smirke dat neoklassizistescht Gebai entworf, wou de Musée nach haut dran ass. Et gouf 1823-1847 gebaut. 1854 gouf de ronne Liessall vun der British Library derbäigebaut, déi bis 1998 och am Komplex ënnerbruecht war. Eréischt 1990 ass d'Bibliothéik geplënnert; de Liessall gouf awer als sëllege bäibehalen, woubäi den Haff ronderëm no Pläng vum Norman Foster mat Glas iwwerdaacht gouf.

De Musée huet a senger Sammlung Bicher, Handschrëften (dorënner d'Magna Carta an de Codex Alexandrinus), egyptesch Relieffer, etruskesch Vasen, Zeechnungen (ë. a. vum Leonardo da Vinci Dréck, egyptesch, Assyresch, griichesch a réimesch Antiquitéiten; Skulpturen (dorënner d'Elgin marbles vun der Akropolis), Bijouen, Mënzen, Artefakten aus der Steen- a Bronzezäit an aus dem Mëttelalter, an och z. B. déi gréissten Timberssammlung vun der Welt.

 
Panorama vum Reading Room

Um Spaweck änneren

Commons: British Museum – Biller, Videoen oder Audiodateien