Green Light and the Rocky Bretherens

lëtzebuergesch Reggae-Museksgrupp

Green Light and the Rocky Bretherens war eng Reggae-Museksgrupp aus Lëtzebuerg mat internationale Memberen.

Green Light and the Rocky Bretherens
Museksgenre Reggae
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2003
Trennung ?
Websäit ReverbNation, Facebook
Memberen Rui Lopes (Perkussioun)
Nick Atkinson (Batterie)
Wenzel Vermeersch (Keyboard an Hammond-Uergel)
Casimir Schauman (Gesank a Gittar)
Job de Jong (Bass)
Warren Hernandez (Saxophon)
Fabian Rudolph (Gesank a Perkussioun)
Koos Couvé (Gittar)
Alex Anyfantakis (Perkussioun)
Tomas Pracana (Trompett)
Marcos Anyfantakis (Bouzouki a Gittar)
Tiago Hacke (Djembe)

Bandgeschicht änneren

D'Grupp gouf 2003 gegrënnt an hat Memberen aus aacht verschiddene Länner: Finnland (Casimir Schauman), England (Nick Atkinson), Holland (Job De Jong a Koos Couvé), der Belsch (Wenzel Vermeersch), Portugal (Rui Lopes, Tomas Pracana an Tiago Hacke), Costa Rica (Warren Hernandez), Griicheland (Marcos Anyfantakis an Alex Anyfantakis) a Frankräich (Fabian Rudolph).

Green Light and the Rocky Bretherens hat hiren éischten Optrëtt 2004. Deemools ware siwe Memberen an der Grupp, déi hirer Freed un der Musek fräie Laf gelooss hunn. 2005 hu si dann hiren éischte richtegen Erfolleg erlieft wou si e Plackevetrag beim klenge lëtzebuergesche Plackelabel Ashcan Records ënnerschriwwen hunn. Nodeem si 2005 vill Optrëtter haten, ënner anerem mat Gruppe wéi Les Fils De Teuhpu, Kingston Kitchen 809 oder Dr. Ring Ding, ass 2006 d'Lidd Pink Panther op der Kompilatioun Music for the Living? Vol.1 vun Ashcan Records erauskomm an hir EP Live at the Rockhal, déi eng zweet Kéier 2009 um Label Music Is Art Records verëffentlecht gouf, koum op de Maart.

Optrëtter hat d'Grupp der och erëm vill, ënner anerem um Ska Im Park Festival an Däitschland an op hiren zwou eegene klengen Touren duerch Frankräich a Portugal. Si hunn och erëm mat ville bekannte Gruppe gespillt, wéi Rude & Visser, Three Minute Warning, Skatoons, Nyabinghi an aneren.

Hiren Erfolleg huet net nogelooss. Nodeem si zweemol um Naionalfeierdag (2005 an 2006) an um KuFa Ska Festival (2005 an 2006) gespillt haten, si si um Rock-A-Field Festival 2007 opgetruden.

Discographie änneren

  • 2006: Live at the Rockhal