Granatapel

Planzenaart aus der Gattung Punica

De Granatapel (Punica granatum), Iwwersetzung vum laténgesche malum granatum ("Apel mat Kären“[1]), ass eng Planzenaart, bannent der Famill vun de Lythraceae. D'Gattung Punica enthält just nach eng aner Aart, a bilt och eleng d'Ënnerfamill Punicoideae.

Granatapel
Punica granatum
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Iwwerofdeelung Somplanzen
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Rosopsida
Uerdnung Myrtales
Famill Lythraceae
Ënnerfamill Punicoideae
Gattung Punica
Wëssenschaftlechen Numm
Punica granatum
L.
Habitus, Blieder a Friichten
Fruucht a Bléien
Opgebrachene Granatapel

D'Fruucht (déi der Aart den Numm ginn huet) gëtt an der Kiche verschafft. Se gouf ursprénglech am Iran, Afghanistan an an Nordindien ugebaut.[2] Zanter der Antikitéit gëtt se ë. a. am Mëttelmierraum gezillt.

Beschreiwung änneren

De Granatapel wiisst als summergrénge klenge Bam a gëtt dacks als Trausch kultivéiert. E ka bis zu 5 m héich a bis zu 3 m breet ginn, an och e puer honnert Joer al. E blitt am Fréijoer a Summer, déi orange bis gielzeg Bléie sinn 3,5 bis 7 cm laang an hunn en Duerchmiesser vun 3 bis 4 cm. Si wuessen um Enn vun den Äscht.

D'Friichten hunn normalerweis 5 bis 12 cm (heiansdo och bis zu 20 cm) am Duerchmiesser a weien 150–500 Gramm (seele 500 bis iwwer 1000 Gramm). Si sinn am Ufank gréng, ginn dann orangërout, rout bis giel-gréng oder gielzeg-brong, geleeëntlech schwaarz-mof. Et ass eng Schäinfruucht (Anthocarp)[3]; bannendran ass eng wäisselzeg-hellroudelzeg batter, schwampaarteg Mesokarp, déi, wéi bei den Citrusfriichten, Albedo genannt gëtt, an déi hirersäits a "Kummeren" ënnerdeelt ass, an där d'Somkäre sinn. Dës si 15 mm laang an ca. 5 bis 10 mm breet; se hunn eng polyhedral Form a si gewéinlech rubinrout (och alt rosa). Si hunn eng duerchsichteg dënn "Haut" (Sarkotesta, Arillus), déi bei liichtem Drock platzt. An enger Fruucht si vun 200 bis iwwer 1000 Somkären.

Gebrauch an der Kichen änneren

Granatäppel an hire gepresste Jus sinn am Mëttelmierraum, am Noen Osten, an den USA, a Südeuropa an zanter den 2010er Joren och a Mëttel- an Nordeuropa wäit verbreet. Aus dem Jus gëtt och Granatapelwäin gewonnen, dee virun allem aus Armenien an Israel exportéiert gëtt. D'Fruuchtfleesch oder de Jus vum Granatapel gi bei Plate vu Wëld- oder Gefligel oder an Uebstzaloten derbäigemaach. Och Grenadine, de Sirop aus dem Jus, ass bei Kanner oder a Cocktaile beléift.

Symbolik änneren

 
Sandro Botticelli: Detail aus dem Bild Madonna mam Granatapel, 1487

De Granatapfel ass e Symbol fir Liewen a Fruchtbarkeet, ma och fir Muecht (Reichsapfel), Blutt an Doud. An der chrëschtlecher Symbolsprooch kann de Granatapel als Symbol fir de Jesus, fir d'Gemeinschaft vun de Gleewegen, oder vum Priisterstand stoen. Am Mëttelalter ass en op villen Tafelbiller ze gesinn, dacks am Kontext vun der Maria mam Jesuskand.

D'Stad Granada, an och Spuenien, féieren de Granatapel am Wopen.

Literatur änneren

  • Bernd Brunner: Das Granatapfelbuch. Insel Verlag, Berlin 2018 (= Insel-Bücherei. Band 1444), ISBN 978-3-458-19444-6.
  • Michaela Döll: Heilfrucht Granatapfel. München 2008.
  • Stephanie Grabhorn: Granatapfel – Frucht der Götter. Joy-Verlag, Oy-Mittelberg 2007, ISBN 978-3-928554-63-3.
  • Klaus Thiele-Dohrmann: Die gekrönte Venusfrucht. Geschichten um den Granatapfel. Wilhelm Heyne, 1999, ISBN 3-453-16397-4.
  • Thomas Schauerte: Granatapfel, Granatapfelbaum. In: Reallexikon zur Deutschen Kunstgeschichte Labor, 2014.

Um Spaweck änneren

Commons: Granatapel (Punica granatum) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Friedrich Kluge]], Alfred Götze: Etymologisches Wörterbuch der deutschen Sprache. 20. Auflage, hrsg. von Walther Mitzka. De Gruyter, Berlin / New York 1967; Neudruck („21. unveränderte Auflage“) ebenda 1975, ISBN 3-11-005709-3, S. 267.
  2. Punica granatum L. op hort.purdue.edu (nogekuckt: 2020-03-28
  3. Haining Qin, Shirley A. Graham: Punica. Punica granatum Linnaeus. In: Wu Zheng-yi, Peter H. Raven, Deyuan Hong (Hrsg.): Flora of China. Band 13: Clusiaceae through Araliaceae. Science Press/Missouri Botanical Garden Press, Peking / St. Louis 2007, ISBN 978-1-930723-59-7, S. 283.