Gozo (Malteesesch: Għawdex [ˈaʊːdeʃ]) ass déi zweetgréisst Insel vum Malteeseschen Archipel a gehéiert zur Republik Malta. D'Inselhaaptstadt Viktoria (fréier Rabat) gouf vun den Araber um Castle Hill gebaut.

Gozo
Geographie
Kontinent Europa
Land Malta
Läit an/am Mëttelmier
Gehéiert zu Malta, Malteesesch Inselen
Koordinaten 36°2'42"N, 14°15'32"O
Fläch 67 km²
Küstelängt 14 km
Längt 14 km
Breet 7,25 km
Verwaltung
Demographie
Awunner 31.446
Awunnerdatum 2015
Aner Informatiounen
Zäitzon UTC+1
D'blo Fënster zu Gozo

D'Landschaft besteet aus Hiwwelen, Däller a Klippen. D'Insel huet eng Fläch vu 67 km².

Kuckeswäertes änneren

Tourismus änneren

Gozo ass ideal fir Touristen déi gär eng roueg a gemittlech Vakanz hunn. Déi beléiftste Plaz ass d'Fëscherduerf Marsalforn un der Nordküst vu Gozo.

Déi bekanntst Plagë sinn I-Qawra mat héije Klippen a kristallklorem Waasser, Ir-Ramla I-Hamra mat engem schéine Sandstrand a Xlendi Bay.

Um Spaweck änneren

Commons: Gozo – Biller, Videoen oder Audiodateien