Giovanni Antonio Magini

Den Giovanni Antonio Magini, gebuer den 13. Juni 1555 zu Padua a gestuerwen den 11. Februar 1617 zu Bologna, war en italieeneschen Astronom a Mathematiker.

Giovanni Antonio Magini
Gebuer 13. Juni 1555 jul.
Padua
Gestuerwen 11. Februar 1617
Bologna
Educatioun Universitéit vu Bologna
Aktivitéit Astronom, Mathematiker, Astrolog, Kartograph

De Magini hat bis zum Joer 1579 zu Bologna Philosophie studéiert, spéider hat hie sech zu der Astronomie higezunn. Am Joer 1582 hat hie seng Aarbecht Ephemerides coelestium motuum publizéiert, déi dann e Joer méi spéit an d'Italieenescht iwwersat gouf.

De Magini gouf 1588 Professer fir Mathematik op der Universitéit Bologna.

Am Joer 1592 hat hien De Planis Triangulis publizéiert, wou hien d'Benotzung vum Quadrant beschriwwen hat. An am Joer 1607 hat hien dann d'astrologesch Aarbecht De astrologica ratione publizéiert.

De Magini hat och en Atlas vun Italien (Atlante geografico d'Italia) gemaach, deen awer eréischt am Joer 1620 vu sengem Jong publizéiert gouf.

Am Joer 1935 gouf de Moundkrater Maginus no him genannt.