E Quadrant ass en historescht astronomescht Instrument, mat deem d'Héichten an d'Positioune vun de Stäre berechent ginn.

De Quadrant ass aus engem Véierelskrees mat Gradandeelung, enger Ofliesvirriichtung, engem Viséier an engem Senkel opgebaut. De Stär, deen ze bestëmme war, gouf iwwer Kimm a Kar uviséiert. D'Positioun vum Senkel um Véierelskrees huet den Héichtewénkel uginn.

Nieft den transportabele Quadrante goufen och grouss Instrumenter gebaut, déi sougenannt Mauerquadranten, mat deene ganz prezis gemooss konnt ginn.

Den däneschen Astronom Tycho Brahe huet a sengem Observatoire Uranienborg mat den no him genannten Tychonesche Mauerquadrante geschafft. De Mauerquadrant hat e Véierelskrees vun zwéi Meter Radius. D'Instrument war genee no Süden ausgeriicht. Sou konnt den Héichtewénkel vun de Stären un hirem héchste Punkt (Kulminatiounspunkt) bestëmmt ginn. Aus der Miessung vum Duerchgangszäitpunkt krut een d'Positioun vum Stär um Himmel. D'Prezisioun vun deem Instrument soll bei 10 Bousekonne geleeën hunn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Quadrants (instrument) – Biller, Videoen oder Audiodateien