De Gilles Perrault, gebuer als Jacques Peyroles dem 9. Mäerz 1931 zu Paräis a gestuerwen den 3. August 2023 zu Sainte-Marie-du-Mont[1], war e franséische Schrëftsteller, Journalist an Dréibuchauteur.

Gilles Perrault
Gebuertsnumm Jacques Peyroles
Pseudonym Sidney Vania, Gil Perrault, Gilles Perrault
Gebuer 9. Mäerz 1931
13. Arrondissement
Gestuerwen 3. August 2023
Sainte-Marie-du-Mont
Doudesursaach Häerzkollaps
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Collège Stanislas,
Institut d'études politiques de Paris
Aktivitéit Journalist, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Affekot
Mamm Germaine Peyroles

Hien Phuet um Institut d'études politiques zu Paräis studéiert a gouf dono Affekot, e Beruff, deen e 5 Joer laang preaktizéiert huet.

Nom Succès vu sengem Essay Les parachutistes (1961), dee vu sengem Militärdéngscht an Algerien inspiréiert ass, gouf hie Journalist an huet ënnert anerem iwwer Indien ënnert dem Nehru, d'Olympesch Summerspiller 1964 zu Tokyo an d'Situatioun vun den afro-amerikanesche Bierger an de Vereenegte Staaten Artikele publizéiert, sou wéi och iwwer manner bekannten Aspekter vum Zweete Weltkrich.

Zanter 1961 huet hien zu Sainte-Marie-du-Mont an der Manche gelieft, iwwer dat en a sengem Buch Les gens d'ici geschriwwen huet.

Fir Le Secret du jour J (1964) iwwer d'Virbereedunge vun der Réisitence, op franséischer Säit, vum Debarquement vun den Alliéierten am Juni 1944, deen don en internationale Bestseller gouf, gouf hie vum Comité d'action de la Résistance mat engem Präis ausgezeechent. L'Orchestre rouge (1967) hat nach méi Succèsl. 1969 huet de Perrault e Spionageroman Le dossier 51 geschriwwen, bei deem e spéiderhin zesumme mam Michel Deville d'Dréibuch fir d'Verfilmung ënnert dem selwechten Titel geschriwwen huet. Och fir aner Filmer huet hien d'Dréibicher (mat)geschriwwen: wéi Le sepent (zesumme mam Henri Verneuil), oder La petite bande (verfilmt vum Deville).

1978 koum säi wuel bekanntste Roman Le Pull-over rouge, eraus, an deem en d'Enquête iwwer e Muerd un engem Meedchen thematiséiert huet, fir deen de Christian Ranucci 1978 zu Doud verurteelt an higeriicht gouf, woubäi hien d'Schold vum Ranucci a Fro gestallt huet. Dëse Roman, vun deem eng Millioun Exeplairë verkaaft goufen, huet mat zu enger grousser Debatt iwwer d'Doudesstrof a Frankräich bäigedroen[2] De Perrault gouf awer och wéinst Calomnie u véier Polizisten, déi un der Enquête bedeelegt waren, verurteelt, deenen e virgeworf hat, hir Aarbecht net gutt gemaach ze hunn[3]

1980, huet hien d'Teleeserie Julien Fontanes, magistrat mam Jean Cosmos geschafen.

1990 koum Notre ami le roi iwwer dem Hassan II. vu Marokko, an d'Verletzunge vu Mënscherechter ënner sengem Regime eraus.

Säi Roman Le Garçon aux yeux gris (2001) gouf 2003 vum André Téchiné als Les Égarés verfilmt.

De Gilles Perrault war zesumme mam Sänger Renaud ee vun de Grënnungsmembere vun der Associatiounça suffat comme ci, déi sech dofir asetzt de Länner vun der Drëtter Welt hir Scholden ze erloossen. Hie war och Member vum Comité vun der Coordination française pour la Décennie, déi sech fir Gewaltfräiheet a Friddenskultur asetzt. Och bei Ras l'front enger lénker Unioun géint de Front National (haut: Rassemblement national) huet hie sech engagéiert.[4]

Publikatiounen änneren

Déi éischt 12 Romaer koume bei Ditis an der Collectioun « La Chouette », ënner dem Pseudonym Gil Perrault eraus.

  • Jamais deux sans trois (1956)
  • Trois as (1957)
  • Les Aventures du pétrole (1957-1960, Ditis ; 1961, France-Empire)
  1. Le Sahara brûle (1957), verfilmt 1961 vum Michel Gast
  2. Ballade au soleil (1957)
  3. La Bombe (1958)
  4. La Grande soif (1960)
  • C'était le bon temps (1957)
  • La Main rouge (1960)
  • Le Faux Frère (1960)
  • Si tu vas à Cuba (1960)
  • Dynamite (1961 ; als Gilles Perrault bei J'ai lu 1966 nei editéiert)
  • Furie (1961
  • Les Parachutistes (1961, Seuil ; 1997, Arléa ; 2006, Fayard)
  • Casanova. Textes choisis dans les Mémoires (1963, J'ai Lu)
  • Au pied du mur (1963, Denoël), verfilmt 1966 vum Jacques Deray als Avec la peau des autres
  • Le Secret du jour J (1964, Fayard ; J'ai lu n°A134/135)
  • L'Orchestre rouge (1967 ; 1989, Fayard), verfilmt 1989 vum Jacques Rouffio
  • Le Dossier 51 (1969, Fayard ; 1978, Le Livre de poche), verfilmt 1978 vum Michel Deville
  • Du service secret au gouvernement invisible (1970, Le Pavillon)
  • Les Sanglots longs (1970, Fayard ; 1976, Le Livre de poche)
  • L'Erreur (1971, Fayard)
  • Le Grand Jour 6 juin 1944 (1974, Jean-Claude Lattès ; 1994)
  • La Longue Traque (1975, J.C. Lattès; Livre de Poche)
  • Le Pull-over rouge (1978, Ramsay ; 1980, Le Livre de poche ; 1994, Fayard), verfilmt 1979 vum Michel Drach
  • Les Gens d'ici (1981, Ramsay ; 1997, mise à jour chez Fayard)
  • La Petite Bande (1983, Ramsay), verfilmt vum Michel Deville
  • Un homme à part (1984, Barrault ; 2006, Fayard)
  • Taupes rouges contre S.S. (1986, Paris: Messidor)
  • Paris sous l'Occupation (1987 et 1998, Belfond) (photos)
  • Le Dérapage (1987, Mercure de France ; 1989, Folio), verfilmt 1993 vum Jacques Deray ënner dem Titel Un crime
  • Notre ami le roi (1990, Gallimard ; 1992, édition revue et augmentée chez Folio)
  • Le Secret du Roi 1992-1996)
  1. La Passion polonaise (1992, Fayard ; 1996, Le Livre de poche)
  2. L'Ombre de la Bastille (1993, Fayard ; 1996, Le Livre de poche)
  3. La Revanche américaine (1996, Fayard ; 1997, Le Livre de poche)
  • Pourquoi les guerres ? (1993, Le Seuil, coll. « Petit point »), illustré par Serge Bloch
  • Souvenirs (1995-2008)
  1. Les jardins de l'Observatoire (1995, Fayard ; 1996, Le Livre de poche)
  2. Go ! (2002, Fayard ; 2005, Le Livre de poche)
  3. Checkpoint Charlie (2008, Fayard)
  1. Le Garçon aux yeux gris (2001, Fayard)
  2. L'Homme au bout du rouleau (2004, Fayard ; Le Livre de poche)
  3. La Jeune Femme triste (2004, Fayard)

als Sidney Vania änneren

  • Baroud d'honneur (1958, Fleuve Noir)

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. L’écrivain Gilles Perrault est mort à l’âge de 92 ans. lunion.fr, 2023-08-03.
  2. 50 ans de faits divers, "Christian Ranucci : la vérité impossible", Planète+ Justice, 13 Juli 2006.
  3. Gilles Perrault et son éditeur condamnés pour diffamation, 27 Januar 2009, La Provence
  4. Mort de l’écrivain Gilles Perrault, auteur du « Pull-over rouge ». leparisien.fr 2023-08-03.