Gilles (Virnumm)
männleche Virnumm
Op dëser Säit stinn eng Partie Artikele vu Leit, déi de selwechte Virnumm hunn an dofir ausernee gehale musse ginn. Fir méi Informatiounen, liest wgl. den Artikel iwwer d'Homonymie an der Wikipedia. |
Gilles ass, am franséischsproochege Raum, e geleefege männleche Virnumm; et gëtt en och als Familljennumm.
Gilles | |
---|---|
De Patréiner vum Virnumm, den Hellege Gilles | |
Geschlecht | männleche Virnumm |
Aussprooch | /ʒil/ |
Namensdag | 1. September |
Ursprong | |
Sprooch | Algriichesch |
Genannt no | Hellege Gilles |
Varianten | |
Alternativen | Aegidius, Égide, Egidio, Egyed, Egidius, Gil, Giles, Idzi, Jiljí |
Spëtznumm | Gill, Gilli |
Änleche Familljennumm | Gilles |
Ursprong a Bedeitung vum Numm änneren
Den Numm gëtt vum Algriicheschen αἰγίς, der Aigis aus der griichescher Mythologie, ofgeleet a bedeit esouvill wéi „deen, deen de Schëld hält“.
Namensdag änneren
De Gilles huet säin Namensdag den 1. September, als Referenz un den Hellege Gilles (640 – ~720), e Klausener deen sech bei Arles néiergelooss hat a méi spéit als Abt d'Klouschter vu Saint-Gilles geleet huet[1].
Varianten an Ofkierzungen änneren
Varianten am Lëtzebuergesche sinn: Ägidius, Gill, Gilli[2].
An anere Sprooche gëtt et eng sëllege Varianten, sou z B.: Aegidius, Égide, Egidio, Egyed, Egidius, Gil, Giles, Idzi, Jiljí.
Leit mam Virnumm Gilles änneren
Ënner de Leit mat deem Virnumm sinn:
- Gilles Baum (* 1973), lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Politiker (DP)
- Gilles Becker (* 1980), lëtzebuergesche Basketballspiller
- Gilles Bettmer (* 1989), lëtzebuergesche Foussballspiller
- Gilles Birnbaum (* 1980), lëtzebuergeschen Handballspiller
- Gilles Biver (* 1992), lëtzebuergeschen Äishockeyspiller
- Gilles Braas (* 1992), lëtzebuergesche Volleyballspiller
- Gilles Dechmann (* 1983), fréiere lëtzebuergeschen Handballspiller
- Gilles Engeldinger (* 1984), lëtzebuergesche Foussballspiller
- Gilles Genot (* 1991), lëtzebuergeschen Historiker
- Gilles Grangier (1911–1996), franséische Filmregisseur
- Gilles Hermes (* 1994), Lëtzebuerger Motocrossfuerer
- Gilles Mangen (* 1989), lëtzebuergeschen Äishockeyspiller
- Gilles Müller (* 1983), lëtzebuergeschen Tennisprofi
- Gilles Ortlieb (* 1953), franséische Schrëftsteller, Lyriker an Iwwersetzer
- Gilles Roth (* 1967), lëtzebuergesche Jurist
- Gilles Seywert (* 1984), lëtzebuergesche Bouschéisser
- Gilles Thierry (* 1991), lëtzebuergeschen Handballspiller
Kuckt och änneren
- De Familljennumm Gilles.
Um Spaweck änneren
Commons: Virnumm Gilles – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten änneren
- ↑ Namenstage Online - namenstage.katholisch.de. namenstage.katholisch.de. Gekuckt de(n) 2023-10-20.
- ↑ Actioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch - Virnimm. www.actioun-letzebuergesch.lu. Gekuckt de(n) 2023-10-20.