Gilles Engeldinger

Lëtzebuerger Foussballspiller

De Gilles Engeldinger, gebuer de 4. Mee 1984, ass e lëtzebuergesche Foussballspiller.[1]

Gilles Engeldinger
Gebuer 4. Mee 1984
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Ofwierspiller
Veräin/Ekipp FC Etzella Ettelbréck,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

Tëscht dem 10. September 2003 an dem 31. Mäerz 2004 huet hien dräimol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[2]

An der Saison 2002/2003 huet hie fir den FC 72 Ierpeldeng gespillt an zanter 2003 ass hie beim FC Etzella Ettelbréck.[3]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. De Gille sEngeldinger op der Websäit Football Database.eu
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Gilles Engeldinger op der Websäit vun European Football
  3. De Gilles Engeldinger op der Websäit vun National Football Teams