Geschwëster

Grupp vu Mënschen déi Bridder oder Schwëstere sinn
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Geschwëster oder Gesëschter sinn – nieft dem „Ech “ – aner Kanner vun den Elteren:

  • Brudder = Bouf vun den Elteren;
  • Schwëster = Duechter vun den Elteren;
  • Adoptivbrudder, Adoptivschwëster = Kand dat vun engem oder zwéin Elterendeeler legal adoptéiert gouf an dat engem biologesche Kand gläichgestallt ass;
  • Hallefbrudder, Hallefschwëster = Kand vun der Mamm oder dem Papp an engem anere Partner;
  • Stéi(f)brudder, Stéi(f)schwëster = Kand vum (neie) Conjoint vun engem Elterendeel mat engem anere/fréiere Partner.
D'Geschwëster Marie-Adélaïde, Charlotte, Hilda, Antonia, Élisabeth a Sophie vu Lëtzebuerg
Grafik mat den allgemeng gebräichlechen europäesche Bezéiungen tëscht de Familljememberen.
Net all Bezeechnung ass am allgemenge Sproochgebrauch, absënns wat ee sech méi wäit vum Proband "Ech" ewech beweegt.


 
 
Mamm
 
Papp
 
 
 
 
 
 
 
Fra
bestuet oder net
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
Geschwëster
 
Ech
 
Adoptiv-
geschwëster
 
Hallef-
geschwëster
 
(Stéif-
geschwëster)

D'Wuert Geschwëster begräift d'Schwëstere grad wéi d'Bridder; d'Bezeechnung Gebridder[1][2] ass vereelzt a gëtt héchstens nach fir fest Begrëffer benotzt wéi z. B. d'Gebridder Grimm, d'Gebridder Montgolfier oder d'Gebridder Collart.

Um Spaweck änneren

Commons: Geschwëster – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Luxemburger Wörterbuch, Gebridder. Gekuckt de(n) 26.12.2021.
  2. Wörterbuch der luxemburgischen Mundart, Gebridder Archivéiert op 2021-12-26. Gekuckt de(n) 26.12.2021.