Sexuell iwwerdrobar Krankheet

(Virugeleet vu(n) Geschlechtskrankheet)

Eng sexuell iwwerdrobar Krankheet oder Geschlechtskrankheet ass eng Krankheet, déi duerch bestëmmt Infektioune verursaacht gëtt. Geschlechtskrankheete ginn och nach STD an STI genannt, vun den englesche Begrëffer sexually transmitted disease a sexually transmitted infection. Si ginn haaptsächlech beim sexuelle Kontakt iwwerdroen, wéi Vaginal- Anal- an Oralverkéier an och zum Beispill beim gemeinsame Benotze vu Sexspillsaachen.

E kuerze Video op Däitsch iwwer Geschlechtskrankheeten

Iwwerdroung

änneren

Déi Infektioune ginn duerch Bakterien, Virussen oder Parasitte verursaacht. Zu de sexuell iwwerdrobare Krankheeten ziele Chlamydien, Gonorrhoe ("Tripper") a Syphilis, déi duerch Bakterie verursaacht ginn. HPV, HIV an Aids, Hepatitis A, B an C an Herpes ginn duerch Virusse verursaacht.[1] Eng sexuell iwwerdrobar Infektioun ka vu Mënsch zu Mënsch duerch Blutt, Sperma, vaginal an aner Kierperflëssegkeeten iwwerdroe ginn.

Déi Infektioune ginn awer net ëmmer duerch sexuelle Kontakt iwwerdroen. Si kënnen zum Beispill wärend der Schwangerschaft oder bei der Gebuert op e Puppelchen iwwerdroe ginn. Si kënnen och duerch eng Blutttransfusioun oder dat gemeinsaamt Benotze vun Nolen iwwerdroe ginn.[2]

Symptomer a Behandlung

änneren

Geschlechtskrankheete verursaachen net ëmmer Symptomer. Eng Persoun kann eng sexuell iwwerdrobar Infektiounen vun enger anerer Persoun kréien, déi gesond ze si schéngt a vläicht net emol weess, datt s'eng Infektioun huet.[2]

Zu de Symptomer vun enger méiglecher Infektioun mat enger Geschlechtskrankheet zielen:[1]

  • d'Brenne beim Urinéieren
  • e verännerten, opfällegen Ausfloss aus der Scheed oder dem Penis
  • Bass, Péng oder Hautverännerungen am Agank vun der Scheed, un der Scheed, um Penis oder um After
  • Péng am Genitalberäich oder am Ënnerleif, Péng beim Geschlechtsverkéier
  • Verännerungen am Mond oder an der Strass oder am Enddaarm no Oral- oder Analverkéier.

An der Reegel loosse sech Geschlechtskrankheete gutt behandelen, mee onbehandelt kënne se schwéier gesondheetlech Konsequenzen hunn.[3]

Preventioun

änneren

Et gëtt verschidde Moossnamen, déi een huele ka fir sech géint eng Infektioun ze schützen. Dozou gehéiert, sech géint HPV an Hepatitis A a B ze impfen a beim Geschlechtsverkéier mat all Partner, deem säin Infektiounsstatus onbekannt ass, e Kondom zu gebrauchen. Kondomer reduzéieren de Risiko vun enger Infektioun, mee schützen net komplett. Donieft solle Leit, déi e puer Sexualpartner hunn, sech reegelméisseg op sexuell iwwerdrobar Krankheeten an HIV teste loossen. Wann een eng Geschlechtskrankheet huet, soll een d'Medikamenter, déi den Dokter verschriwwen huet, bis zum Enn anhuelen. An et soll ee keng Sprëtzen deelen.[4]

Geschlechtskrankheete si weltwäit e grousse Problem fir d'ëffentlech Gesondheet. Der Weltgesondheetsorganisatioun no stieche sech all Dag méi wéi eng Millioun Mënsche mat enger STI un. Zu Lëtzebuerg ass d'Zuel vun de gemellte Krankheeten (Chlamydien, Gonorrhoe, a Syphilis) vun 1.755 am Joer 2021 op 2.171 am Joer 2022 geklommen. Dat waren 23,7 % méi.[4]

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Sexuell iwwerdrobar Krankheet – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 medizin.uni-tuebingen.de: Geschlechtskrankheiten
  2. 2,0 2,1 mayoclinic.org: Sexually transmitted diseases (STDs)
  3. aidshilfe.de: Geschlechtskrankheiten
  4. 4,0 4,1 gouvernment.lu: Prävention von sexuell übertragbarer Infektionen: "Protection is good for us!" ​ (8. Mee 2023)