Georges Erasme Muller
De Georges Erasme Muller, gebuer de 14. Oktober 1925 zu Diddeleng, a gestuerwen den 30. Juli 2010[1], war e lëtzebuergeschen Neurolog an Auteur.[2]
Georges Erasme Muller | |
---|---|
Gebuer | 14. Oktober 1925 |
Gestuerwen | 30. Juli 2010 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
Bekannt war hien ë. a. ënner dem Pseudonym Georges Erasme oder George Erasmus, mat deem e seng literaresch Publikatiounen ënnerschriwwen huet. De Georges Erasme huet zanter 1985 Texter op Franséisch publizéiert fir Les Cahiers luxembourgeois“, Lëtzebuerger Land, Nos cahiers a Galerie“. Vill dovun hu sech virun allem ëm Krichserënnerunge gedréint. Do derbäikommen iwwer 30 medezinesch Texter, déi an dräi Sproochen an an néng Länner publizéiert, an nach heiensdo a japanesch an an arabesch iwwersat goufen.[3]
Seng bekanntst Publikatioun, d'satirescht Bichelchen How to remain what you are. Everything you always wanted to know about Luxembourg but nobody ever told you aus dem Joer 1989 gouf an 8 Sproochen iwwersat an hat eng Oplo vu ronn 20.000 Exemplairen. Et ass eent vun deenen am meeschte verkaafte Bicher iwwerhaapt zu Lëtzebuerg.
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ d'Lëtzebuerger Land, 6. August 2010, S.,4.
- ↑ (sjp.): Georges E. Muller gestorben. Luxemburger Wort 2010, Nr. 178 (3. August), S. 11. — Conter, Claude D.: Muller, Georges Erasme. In: Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. Online-Versioun. Stand: 17. November 2011. [1] [opgeruff de 6. Juni 2012]. (fr)
- ↑ En mémoire de Georges Erasme Muller (1925 - 2010) bnl.lu