Gaston Diederich

lëtzebuergesche Jurist
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Jurist a fréiere Sportler Gaston Diederich (mat laangem "ie"). Fir de Politiker a Stater Buergermeeschter, kuckt wgl. Gaston Diderich.

De Gaston Diederich, gebuer de 15. September 1927 zu Lëtzebuerg, a gestuerwen den 31. Dezember 2007, war e lëtzebuergesche Jurist am Staatsdéngscht.

Gaston Diederich
Gebuer 15. September 1927
Lëtzebuerg
Gestuerwen 31. Dezember 2007
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Boxer, Jurist, Fonctionnaire

Hie war bis 1992 Distriktskommissär am Distrikt Lëtzebuerg a vum 29. Dezember 1976 bis den 11. Februar 1998 Member vum Staatsrot. No senger Demissioun am Staatsrot[1] gouf do de Carlo Meintz säin Nofollger.

Op sportlechem Plang war hien a senge jonke Joren als Boxer aktiv, a war e puermol lëtzebuergesche Landesmeeschter.

Gielercher änneren

Kuckt och änneren


Referenzen änneren

  1. Arrêté g.-d. vum 11.2.1998
  2. Memorial B n° 44 vun 1997 mat der Lëscht vun de Leit déi 1997 eng national Auszeechnung kritt hunn Archivéiert op 2020-01-21. Gekuckt de(n) 2013-01-01.