Galeazzo Ciano

italieenesche Politiker

Den Gian Galeazzo Ciano, Grof vu Cortellazzo a Buccari, gebuer den 18. Mäerz 1903 zu Livorno a gestuerwen den 11. Januar 1944, war en italieeneschen Diplomat a Politiker.

Galeazzo Ciano
Gebuertsnumm Gian Galeazzo Ciano
Gebuer 18. Mäerz 1903
Livorno
Gestuerwen 11. Januar 1944
Verona
Doudesursaach Schosswonn
Nationalitéit Kinnekräich Italien
Aktivitéit Diplomat, Politiker, Jurist, Diarist
Famill
Bestuet mat Edda Mussolini
Papp Costanzo Ciano
Kanner Fabrizio Ciano

No sengem Studium vum Droit ass hien an den diplomateschen Déngscht gaange wou hien ënner anerem zu Rio de Janeiro, zu Peking an zu Shanghai aktiv war.

Hien hat sech scho fréi der faschistescher Beweegung ugeschloss an 1922 beim Marsch op Roum matgemaach. 1930 huet hien d'Edda Mussolini, d'Duechter vum Duce Benito Mussolini, bestuet. 1933 gouf hien de Pressespriecher vum Benito Mussolini. 1935 krut hien en eegene Ministère a gouf Member vum faschistesche Groussrot. Wärend dem italieeneschen Iwwerfall op Abessinien huet hie sech als gudde Propagandist ervirgedunn.

Vun 1936 u war hien Ausseminister an am selwechte Joer huet hien zu Berlin d'Achs Berlin-Roum op der italieenescher Säit ausgehandelt. Hie war verantwortlech fir déi italieenesch Interventioun am Spuenesche Biergerkrich, d'Besetzung vun Albanien 1939 an den Ugrëff op Griicheland Enn Oktober 1940.

Och wann hien am Ufank ee bedingungslosen Unhänger vum Duce war sou huet hie spéitstens nom Münchener Ofkommes eng Gefor an der ze noer Bezéiung zu Nazi-Däitschland gesinn. Hien huet d'Neutralitéit vun Italie gefuerdert a wärend der militärescher Kris vun 1942, Stéchwuert: Stalingrad, d'Krichspolitik vum Duce ëffentlech kritiséiert. Doropshi krut hien 1943 seng Ministeschplaz ofgeholl a gouf Ambassadeur am Vatikan.

Dunn huet hie sech der Parteioppositioun ugeschloss a sech fir e Separatfridde mat de westlechen Alliéierte staark gemaach. De 25. Juli 1943, kuerz no der Landung vun den Alliéierten op Sizilien, huet hien am faschistesche Groussrot fir d'Ofsetze vum Mussolini, sengem Schwéierpapp, gestëmmt. Dee gouf den Dag drop vum Kinnek Viktor Emanuel III. entlooss a gläich drop vu sengen eegene Leit verschleeft.

No der Befreiung vum Mussolini duerch en däitsche Kommando, ass den Ciano, dee sech mat senger Famill no Bayern ofgesat hat, un Italien ausgeliwwert ginn. Vun engem Spezialgeriicht wéinst Héichverrot zum Doud verurteelt, gouf en den 11. Januar 1944 higeriicht.

Seng Fra Edda war mat de Kanner 2 Deeg virdrun an d'Schwäiz geflücht, vu wou se awer Enn 1945 nees zeréck an Italie geschéckt gouf. Den 20. Dezember 1945 zu 2 Joer Prisong verurteelt, gouf si schonn den 2. Juli 1946 entlooss a konnt hir Memoirë schreiwen. 1995, mat 85 Joer, ass si zu Roum gestuerwen.

Um Spaweck änneren

Commons: Galeazzo Ciano – Biller, Videoen oder Audiodateien