Le Retour de Martin Guerre

(Virugeleet vu(n) Le retour de Martin Guerre)

Le Retour de Martin Guerre ass en franséische Spillfilm, deen 1982 vum Daniel Vigne no engem Dréibuch vum Jean-Claude Carrière an him selwer gedréint gouf. De Film baséiert op historesche Faiten, déi a Frankräich an der Mëtt vum 16. Joerhonnert geschitt sinn.

Le Retour de Martin Guerre
Film
Produktiounsland Frankrâich
Produktiounsjoer 1982
Première 1983
Dauer 122 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Franséisch
Ekipp
Regie Daniel Vigne
Dréibuch Jean-Claude Carrière, Daniel Vigne
Fotografie André Neau
Musek Michel Portal
Schnëtt Denise de Casabianca
Produzent Daniel Vigne fir Dussault, France 3 a
Société Française de Production
Schauspiller
Gérard Depardieu als Arnaud de Tihl
Nathalie Baye als Bertrande de Rols
Maurice Barrier als Pierre Guerre
Bernard-Pierre Donnadieu als Martin Guerre
Rose Thiéry als Raimonde de Rols
Chantal Deruaz als Jeanne
Maurice Jacquemeont als Riichter Rieux
Roger Planchon als Jean de Coras
Philippe Babin als Jacques
Stéphane Pean als jonke Martin Guerre
Sylvie Méda: als jonkt Bertrande de Rols
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

Zu Artigat, engem klenge franséischen Duerf, daucht enges Daags ee Mann op, dee behaapt hie wier de Martin Guerre, deen 8 Joer virdrun vun do fortgaangen ass. D'ganzt Duerf, och d'Fra vum Marin Guerre, erkennen en erëm an huelen de Mann bei sech op. E puer Joer drop dauchen éischt Zweiwelen op un der Identitéit vum Mann, wéi Zaldoten, déi op der Duerchrees waren, behaapten, et wier net de Martin, mä e gewëesen Artuad, e Frënd vun him. Dee richtege Martin Guerre hätt e Been amputéiert kritt...

Soss änneren

1993 koum en US-amerikanesche Remake eraus mam Titel Sommersby mam Richard Gere an der Jodie Foster an den Haaptrollen. Et gëtt och e Musical, dat sech un der Geschicht vum Martin Guerre inspiréiert.