Tous les matins du monde
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Frankräich |
Produktiounsjoer | 1991 |
Première | 18. Dezember 1991 |
Dauer | 115 min |
Faarf | Faarweg |
Originalsprooch | Franséisch |
Ekipp | |
Regie | Alain Corneau |
Dréibuch |
Alain Corneau Pascal Quignard |
Fotografie | Yves Angelo |
Musek | Jordi Savall |
Schnëtt | Marie-Josèphe Yoyotte |
Produzent | Jean-Louis Livi |
Produktiouns- gesellschaft |
Film Par Film DD Productions Divali Films SEDIF FR3 Films Production |
Schauspiller | |
Jean-Pierre Marielle als Monsieur de Sainte-Colombe Gérard Depardieu als Marin Marais Anne Brochet als Madeleine Guillaume Depardieu als Marin Marais (jonk) Michel Bouquet als Baugin Carole Richert als Toinette Jean-Claude Dreyfus als Abbé Mathieu | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenDe Komponist Marin Marais (* 1656 zu Paräis) erënnert sech u seng Jugend. En denkt u säi Léiermeeschter, de Monsieur de Sainte-Colombe, deen him d'Spill op der Viole de Gambe bäibruecht huet. . Awer och seng Relatioune mat dem Madeleine an dem Toinette, de Meedercher vum Monsieur de Sainte-Colombe, kommen him an Erënnerung, besonnesch dat tragescht Schicksal vum Madeleine.
Markant Zeenen aus dem Film
änneren- Den Ufank vum Film: Eng Groussopnam, déi sechs Minutten dauert, vum Marin Marais (Gérard Depardieu) sengem vum Alter gezeechente Gesiicht.
- Déi onheemlech tragesch lescht Renconter vum Madeleine de Sainte-Colombe mat dem Marin Marais.
Musek
ännerenDe Jordi Savall huet d'Musek vum Film deelweis selwer geschriwwen oder arrangéiert. Hien huet awer och Originalmusek aus der Zäit vum Marin Marais an de Film agebaut.
- Museksstécker aus dem Film:
- Une jeune fillette: Vollekslidd arrangéiert vum Jordi Savall
- Prélude pour Mr Vauquelin vum Jordi Savall
- Troisième Leçon de Ténèbres à 2 voix vum François Couperin
- Marche pour la cérémonie des Turcs vum Jean-Baptiste Lully
- le Badinage, la Rêveuse, l'Arabesque, Improvisations sur les Folies d'Espagne, Tombeau pour Mr de Sainte Colombe!, Muzette I a II, a Sonnerie de Sainte Geneviève du Mont-de-Paris vum Marin Marais
- les Pleurs, Le Retour Gavotte du Tendre, Concert à deux Violes vum Jean de Sainte-Colombe
Ausser dem Ensembel Le Concert des Nations hunn am Film follgend Instrumentalsoliste matgwierkt: Jordi Savall, Fabio Bondi, Rolf Lislevand, Pierre Hantaï a Jérôme Hantaï.
Gesank: Montserrat Figueras a Marie-Christine Kiehr
Monsieur de Sainte-Colombe
ännerenDe Sainte-Colombe gëtt Monsieur de Sainte–Colombe genannt, well säi Virnumn net méi bekannt ass.