Furnerius (Moundkrater)

De Furnerius ass e groussen Aschlagkrater am Süde vun der viischter Äerdmoundsäit, südlech vum Mare Fecunditatis an dem Krater Petavius, südëstlech vum Stevinus. Südwestlech vum Furnerius ass de klenge Krater Fraunhofer.

Furnerius
De Krater Furnerius (LROC-WAC)]]
Koordinaten 36°0'0"S, 60°32'24"O
Duerchmiesser 135,03 km
Déift 3920 m
Selenographesch Längt 300° bei Sonnenopgank
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ28 Véiereck

De Kraterrand ass staark erodéiert an deelweis eng riicht Fläch. Duerch den nordëstlechen Deel zitt sech a südëstlecher Richtung d'Moundrill Rima Furnerius.

Niewekrateren änneren

Furnerius Breetegrad Längtegrad Duerchmiesser
A 33.5° S 59.0° E 12 km
B 35.5° S 59.9° E 22 km
C 33.7° S 57.8° E 22 km
D 37.0° S 55.9° E 16 km
E 34.8° S 57.1° E 22 km
F 36.2° S 64.0° E 43 km
G 38.2° S 65.4° E 34 km
H 37.6° S 69.5° E 44 km
J 34.8° S 64.2° E 24 km
K 38.1° S 68.1° E 36 km
L 38.6° S 69.9° E 13 km
N 33.6° S 61.1° E 9 km
P 38.0° S 61.8° E 18 km
Q 39.5° S 67.3° E 30 km
R 39.9° S 69.1° E 17 km
S 39.1° S 68.0° E 15 km
T 37.8° S 63.1° E 10 km
U 35.7° S 68.2° E 20 km
V 35.7° S 65.6° E 58 km
W 37.1° S 71.1° E 32 km
X 33.9° S 63.6° E 8 km
Y 34.3° S 65.2° E 12 km
Z 33.5° S 63.0° E 8 km

De Krater krut 1935 vun der IAU offiziell den Numm vum franséische Jesuitt, Mathematiker a Geograph Georges Fournier.

Den Numm war ufanks op der Moundkaart vum Giovanni Battista Riccioli vu 1651 als „Furnerius Soc. I“, woubäi „Soc. I“ fir Societas Jesu, den Uerde vun de Jesuitte steet. Zum Zäitpunkt vum Ophuelen an d'Nomenklatur an der Publikatioun schéngt duerch eng Feelschreiwung vum Numm de Bezuch verluer gaangen ze sinn. D'Benennung gouf zanterhier zeréckgefouert op e franséische Mathematiker mam Numm „Georges Furner“ (fl. 1643).[1],[2]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. „Furner, Georges; French mathematician (unkn-fl. 1643)“ Vgl. Mary A. Blagg, K. Müller: Named Lunar Formations. Percy Lund, Humphries and Co. Ltd., London 1935.
  2. 1643 erschien Fourniers Hauptwerk Hydrographie: Contenant La Theorie Et La Practiqve De Tovtes Les Parties De La Navigation.