Fritz Rasqué

lëtzebuergesche Geeschtlechen an Auteur

De Fréderic "Fritz" Rasqué, gebuer de 24. Februar 1906 zu Rued (Ell), a gestuerwen den 28. September 1977 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Geeschtlechen, Professer an Auteur.

Fritz Rasqué
Gebuer 24. Februar 1906
Rued
Gestuerwen 28. September 1977
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Paschtouer
Säi Graf um Nikloskierfecht.

No sengem Secondaire, huet de Fritz Rasqué, ier en an de Seminaire goung, nach e Studium op de Cours supérieurs gemaach, wou en an der Klass vum Tony Bourg, Marcel Engel an Evy Friedrich war[2].

Hie gouf 1932 zum Geeschtleche geweit, a war vun 1939 un, Professer an der Escher Industrieschoul.[3] Well e sech als Professer net ëmmer mat Aussoe géint de Besatzer zeréckgehalen huet, war en den 23. Januar 1941 verhaft ginn an zu engem Joer Prisong verurteelt ginn. Wéi hien am Januar 1942 aus dem Prisong koum, ass hien op eng Invitatioun vum Buerschter Paschtouer hin, dohin an den Exil gaangen.

Nom Krich gouf hien du Professer an der Industrieschoul um Lampertsbierg, a Paschtouer an der Kathedral.

Literatur änneren

  • Édouard Molitor: "Mgr Fritz Rasqué (1906-1977)." In: Le livre d'or du lycée de garçons de Luxembourg: de l'école industrielle et commerciale au Lycée de garçons de Luxembourg, 1892-1992. - Luxembourg: LGL, 1993, S. 277-280.

Wierker änneren

  • Rasqué, Fritz: Bourscheid - Geschichte einer alten Pfarrei, 1944, Bourg-Bourger, Lëtzebuerg, 430 S.
  • Rasqué, Fritz: Das Oesling im Krieg (onst E'sleck am Krich), 1946, Verlag Luxemburgensia, 724 S.
  • Rasqué, Fritz: Propriam Nobis. Siegesoktav 1946. Verlag Luxemburgensia Luxemburg. Imprimerie du Nord, Diekirch, 1947, 145 Säiten.

Éierungen änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Doudesannonce vum 'Monsiegneur Dr Frédéric Rsqué' am Luxemburger Wort vum 30. September 1977 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 11. Juli 2022
  2. Biographie vum Evy Friedrich am Autorenlexikon
  3. Bourscheid - Geschichte einer alten Pfarrei