E Frigo ass en elektreschen Apparat a Form vun engem Schaf, dee seng Bannentemperatur selbstänneg niddreg hält. En huet meescht een Haaptkompartiment mat enger Temperatur vun tëscht 2 an 8° C[1] a kann donieft nach en zweet Kompartiment hunn (d'Gefréierfach), dat méi eng niddreg Temperatur huet an an deem ee Saache afréiere kann (-18 °C). De Begrëff Frigidaire kënnt vun der Mark mam selwechten Numm vum Grupp Electrolux a gëtt heiansdo als genereschen Numm fir de Frigo benotzt. Och Äisschaf a Killschaf sinn nach gebräichlech; dës Begrëffer ginn op déi Zäit zeréck, wéi e Block Äis an e Schaf geluecht gouf, fir do fir kal Temperaturen ze suergen.

E Frigo

De Frigo gëtt haaptsächlech an der Kichen an am Laboratoire benotzt. Säin Haaptzweck ass et, Liewensmëttel, Medikamenter a Chemikalien ze lageren, kal ze halen a se sou ze konservéieren. Duerch déi niddreg Temperature lafe cheemesch Reaktiounen a biologesch Prozesser, déi Liewensmëttel verdierwe loossen a Medikamenter onbrauchbar maachen, méi lues of.

E Frigo ka mat Elektrizitéit oder Flësseggas bedriwwe ginn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Frigo – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Archive copy Gearchiveerd op 2015-04-14. Gekuckt de(n) 2015-03-02.