Freddie (Film)

Film vum Andy Bausch

Freddie ass e lëtzebuergesche Kuerzfilm aus dem Joer 2016 vum Andy Bausch mam Nilton Martins an der Roll vum Freddie Mercury.

Freddie
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 22. November 2016
Dauer 7 min
Faarf Schwaarz-Wäiss
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Andy Bausch
Dréibuch Cédric Kieffer, Andy Bausch
Fotografie Carlo Thiel
Musek Joël Heyard, Serge Tonnar
Schnëtt Andy Bausch, Stefan Scalla
Produzent Nilton Martins
Produktiouns-
gesellschaft
Franeartmedia, Rattlesnake Pictures
Schauspiller
Nilton Martins als Freddie Mercury
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

1982, virun engem Concert a kuerz éier en op d'Bün muss, sëtzt de Sänger Freddie Mercury eleng a senger Loge. E kuckt an de Spigel fir sech fäerdeg ze maachen an do gesäit e sech selwer an der Zukunft. Dem Freddie an der Zukunft seng Haut ass mat Flecken iwwerzunn a mécht deem jonke Freddie Angscht.

Kritik änneren

Pablo Chimienti, Le Quotidien:[1]

[L]e résultat est assez bluffant. Le film est court – sept minutes –, quasiment sans paroles, en noir et blanc… [...] La performance de Nilton Martins est impressionnante : le mimétisme et la ressemblance sont saisissants! Mais le film, tourné avec un budget miniature, a bien d'autres atouts. Son image ultraléchée, ce noir et blanc devenu de plus en plus rare.

Vuen änneren

De Film ass am Februar 2018 op YouTube gesat ginn, wou en bis Januar 2022 iwwer 82.000-mol ugeklickt gouf. Och op Facebook gouf en iwwer 4.000-mol gesinn.

De Film änneren

Referenzen änneren

  1. lequotidien.lu: Ciné-concert à la Kulturfabrik : Freddie face à Mercury ! vum Pablo Chimienti (22. November 2016)