De Frantz Funck och nach bekannt ënner dem Numm Frantz Funck-Brentano, gebuer de 15. Juni 1862 um Mënsbecher Schlass, gestuerwen den 13. Juni 1947 zu Le Raincy, war e franséisch-lëtzebuergeschen Historiker an Theaterauteur.

Frantz Funck-Brentano
Gebuer 15. Juni 1862
Schlass Mënsbech
Gestuerwen 13. Juni 1947
Paräis
Nationalitéit Frankräich, Lëtzebuerg
Educatioun École des Chartes
Aktivitéit Historiker, Bibliothecaire, Dramaturg, Archivist, Schrëftsteller, Universitéitsprofesser
Partei Action française‎‎
Member vun Académie des sciences morales et politiques
Famill
Bestuet mat Alice Regray
Papp Théophile Funck-Brentano
Mamm Sophie Brentano
Geschwëster Claudine Funck-Brentano
Kanner Christian Funck-Brentano

De Frantz Funck-Brentano goung zu Paräis, wou säi Papp den Théophile Funck-Brentano Dokter an Dozent war, an d'Schoul, an huet do op der École des Chartes studéiert - Geschicht an al Schrëften haten him et ugedoen.

Scho mat 22 Joer huet en eng Aarbecht iwwer den Doud vum Philipp dem Schéine publizéiert. Hie krut geschwënn d'Manuskripter vun der Bibliothèque de l'Arsenal uvertraut. De Frantz Funck-Brentano huet iwwer eng Hellewull Theeme geschriwwen: Iwwer d'Gréisst an d'Dekadenz vun der Aristokratie an de Mëttelklassen, iwwer d'Schluecht vu Courtrai, iwwer d'Originne vum Honnertjärege Krich, iwwer d'Originne vu Frankräich an iwwer d'Geschicht vun der Bastille. Vun den Archivë vun der Bastille huet hien e Katalog erausginn. Hie war och e Spezialist vun de Lettre de cachet, a seng gutt recherchéiert Bicher iwwer bekannt Fäll, wéi dee vum Homme au Masque de Fer, wou sou Bréiwer zum Asaz koumen, haten e grousse Succès.

Och als Theaterauteur huet hie geschafft; en ettlech vun de Stécker déi en, zum Deel zesumme mat anere geschriwwen huet, sinn am Théâtre de l'Athénée an am Odéon opgefouert ginn. Véier Balletë vun him haten hir Première an der Paräisser Opéra.

Säi Jong, de Christian Funck-Brentano (1894-1966) war ee vun de Grënner vun der Zeitung Le Monde.

De Frantz war de Brudder vun der Claudine Funck-Brentano.

Wierker änneren

  • Mandrin et les contrebandiers à Autun, Autun, Imprimerie de M. Dejussieu, 1871
  • La Mort de Philippe le Bel, étude historique, Paris, A. Picard, 1884
  • Les Archives de la Bastille. Rapport à M. l'Administrateur de la Bibliothèque de l'Arsenal, 1887
  • Philippe le Bel et la noblesse franc-comtoise, Nogent-le-Rotrou, Imprimerie de Daupeley-Gouverneur, 1888
  • L'Homme au masque de velours noir dit Le Masque de fer, Paris, 1894
  • Le Drame des poisons, études sur la société du XVII siècle et la cour de Louis XIV, Paris, Hachette, 1899
  • La Prise de la Bastille (1789, 14 juillet), Paris, Fontemoing, 1899
  • L'Affaire du collier, Paris, Hachette, 1901
  • La Mort de la reine, les suites de l'affaire du collier, Paris, Hachette, 1901
  • Les Lettres de cachet à Paris: étude, suivie d'une liste des prisonniers de la Bastille (1659-1789), Paris, Imprimerie nationale, 1903
  • La Bastille des comédiens: le For l'Évêque, Paris, Fontemoing, 1903
  • Ce qu'etait un Roi de France . Paris