Eng Lettre de cachet war, ënner dem Ancien Régime a Frankräich, e Bréif fir en Uerder vum Kinnek z'iwwermëttelen.

E Bréif dee mat engem Sigel zougemaach ass.
Dës Lettre de cachet vum Louis XV huet de Jean-François Marmontel 1759 stante pede an d'Bastille bruecht.

Allgemeng war eng Lettre de cachet e Bréif deen zou war (als Géigestéck zu de Lettres patentes, wat oppe Bréiwer waren), d. h. de Bréif war duerch e Sigel zougemaach. D'Bréiwer, déi un d'Parlament geschéckt goufen, fir en Edikt z'enregistréieren, waren ëmmer Lettres de cachet.

Am 17. Joerhonnert huet sech de Sënn vun der Expressioun spezialiséiert. Aus der Lettre de cachet gouf en Uerder, deen engem d'Fräiheet ewechgeholl huet, fir Leit anzespären oder an den Exil ze schécken. De Bréif ass ënner déi sougenannt Justice retenue vum Kinnek gefall, a konnt domat den normale Rechtswee ëmgoen. D'Persounen, déi sou ee Bréif geschéckt kruten, krute kee Prozess gemaach, mä sinn direkt an de Prisong geschéckt ginn (Bastille, Festung vu Vincennes, oder fir d'Fraleit, La Salpêtrière).

Dräi Typpe vu Strofe konnten duerch eng Lettre de cachet iwwermëttelt ginn:

  • illimitéiert Detentioun (fir déi Geckeg) ;
  • ee bis zwee Joer Prisong, fir d'Leit déi, laut dem Barong vu Breteuil, « sans avoir troublé l'ordre public par des délits, sans avoir rien fait qui ait pu les exposer à la sévérité des peines prononcées par la loi, se sont livrées à l'excès de libertinage, de la débauche et de la dissipation »
  • « peines afflicitives importantes pour ceux qui ont commis des actes de violence ou des crimes qui intéressent l'ordre et la sûreté publique et que la justice, si elle en eût pris connaissance, eût puni de peines (…) déshonorantes pour les familles[1]. »

De Bréif hat meeschtens follgend Form:

« Monsieur (…), je vous fais cette lettre pour vous dire que (…) Sur ce, je prie Dieu qu'il vous ait, Monsieur (…), en sa sainte garde. »

En Uerder fir eng Persoun an de Prisong ze geheien, konnt och als oppene Bréif an an der drëtter Persoun geschriwwe ginn. Dësen huet allerdéngs ëmmer misse vun engem Staatssekretär ënnerschriwwe ginn.

Grand cachet a Petit cachet änneren

Eng Lettre de cachet konnt duerch de Wëlle vum Kinnek selwer geschéckt ginn — dëst war eng Lettre de « grand cachet », a war den typesche Fall bei Leit déi wéinst hire politeschen Usiichten agespaart goufen, wéi de Voltaire oder den Diderot.

De Bréif konnt awer och eng Requête vun engem Eenzele sinn - dëst war eng Lettre de « petit cachet ». Dës Interventioun war an der Theorie fir kleng Delikter virbehalen, a gouf dacks a privaten Affäre gefrot, ouni datt déi ganz Geschicht un d'grouss Ëffentlechkeet komm ass. Dës Zort vu Lettre de cachet gouf aus follgende Grënn verschéckt:

  • un déi Geckeg an Irresponsabel ;
  • « Excès de jeunesse » ;
  • Libertinage ;
  • ongläicht Bestietnes (tëscht dem Adel an dem Vollek) ;
  • kleng Delikter.

D'Prozedur war follgend: d'Famill huet dem Kinnek e Bréif geschéckt, an deem si d'Situatioun erkläert huet. An engem Fall vu publikem Skandal konnt dëst och de Curé vun der Par maachen, de Bëschof vun der Diözees oder de lokale Grondhär. De Bréif gouf da vun engem Lieutenant général de police oder engem Intendant ënner d'Lupp geholl, deen eng Enquête virbereet huet, déi an de meeschte Fäll zimmlech gedauert huet. Virun allem goufen hei zwou Saachen iwwerpréift: waren d'Fakten exakt an hat den Interessent genuch Suen. Wann een nämlech wëlles hat, eng aner Persoun duerch eng Lettre de cachet anzespäeren, huet ee selwer misse fir d'Pensioun opkommen. Sou koum et dann och vir, datt Leit nees fräigelooss goufen, well net méi bezuelt gouf.

Tëscht 1741 a 1775 goufen ëm déi 20.000 Bréiwer verschéckt. D'Zuel ass am Laf vum 18. Joerhonnert ëmmer nees an d'Lut geklommen. An der Bretagne goufen 10 Bréiwer pro Joer vu 1735 bis 1750 gezielt, 20 bis 40 pro Joer waren et der vu 1778 bis 1789. Dëst léisst sech duerch eng Augmentatioun vun den Demanden erklären, an net duerch eng méi streng kinneklech Administratioun. Déi huet sech am Géigesaz dacks dogéint ausgeschwat, fir eng Lettre de cachet auszestellen.

De Malesherbes, Minister vun der Maison du Roi am Joer 1775, huet ëmsoss versicht d'Lettres de cachet ofzeschafen. 1786 huet de Barong vu Breteuil geschriwwen: « La prodigalité d'un homme marié et sa passion pour le jeu ne sont pas des motifs suffisants pour le priver de sa liberté[2]. »

Literatur zum Theema änneren

  • Bernard Barbiche, Les Institutions de la monarchie française à l'époque moderne, PUF, Paräis, 2001. (ISBN 2130519407)
  • Jean Meyer, La Noblesse bretonne au XVIIIe siècle, Flammarion, 1966.
  • Claude Quétel, De par le Roy. Essai sur les lettres de cachet, Toulouse, Privat, 1982. (ISBN 270899008X)
  • Georges Tessier, Diplomatique royale française, PUF, Paräis, 1962.
  • Arlette Farge a Michel Foucault, Le désordre des familles, Gallimard Julliard, 1982. (ISBN 2-07-023362-6)

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Meyer, op. cit., S. 282.
  2. Meyer, op. cit., p. 280.