Francis Collins

amerikanesche Genetiker
Dëse Wëssenschaftsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Dr.[1] Francis Sellers Collins, och Francis S. Collins, gebuer de 14. Abrëll 1950 zu Staunton am Bundesstaat Virginia, ass en US-amerikanesche Molekulargeneetiker, Biophysiker[2], an notabelen Ënnerstëtzer vun der theistescher Evolutioun[3] souwéi Aktivist fir de Kompromëss tëschent Wëssenschaft (besonnesch d'Evolutiounstheorie) a Relioun, an de Grënner vu The BioLogos Foundation, enger Organisatioun vun de chrëschtleche Biologiewëssenschaftler[4]. Zanter dem Joer 2009 ass de Collins den Direkter vun den National Institutes of Health (NIH)[5].

Francis Collins
Gebuertsnumm Francis Sellers Coll
Gebuer 14. Abrëll 1950
Staunton
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vu Virginia,
Yale Universitéit,
University of North Carolina at Chapel Hill
Aktivitéit Geneetiker, Dokter, Auteur, Physiker, Chimist
Member vun Peepstlech Akademie vun de Wëssenschaften, National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, National Academy of Medicine, American Association for the Advancement of Science, International Society for Science and Religion, Royal Society

Hien huet um Human Genome Project participéiert, a war den Direkter vum National Human Genome Research Institute zu Bethesda[6] am Maryland. An den 1980er gouf de Francis Collins als den Haaptentwéckler vun der Method vum Chromosomespronk bekannt[7].

Baussent de geneetesche Fuerschungen, gouf de Collins spéider als den Auteur vu Bicher iwwer Wëssenschaft, Medezin, Relioun an hirem Zesummespill méi bekannt. Als Born-again-Chrëscht, bestreit de Francis Collins de militanten darwinisteschen Atheismus, hie fërdert awer d'Iddi vun der theistescher Evolutioun a kritiséiert de Jonk-Äerd-Kreationismus an den Intelligent Design. 2006 huet hie The Language of God: A Scientist Presents Evidence for Belief, d'Buch iwwer säi reliéise Glawen an iwwer déi supposéiert Verbindung tëscht Geneetik an Herrgott geschriwwen[8]. Dat Buch gëtt vun New York Times als Bestseller deklaréiert[9]. Zanter 2009 ass hie Member vun der Peepstlecher Akademie vun de Wëssenschaften[10].

De Collins ass och e Museker (Gittar, Gesang) an der Rockband The Directors[11], déi bei wëssenschaftlechen Evenementer optrëtt[12],[13].

Bicher änneren

  • 1998: Principles of Medical Genetics, 2nd Edition (mat T.D. Gelehrter an D. Ginsburg)
  • 2006: The Language of God: A Scientist Presents Evidence for Belief
  • 2010: The Language of Life: DNA and the Revolution in Personalized Medicine
  • 2010: Belief: Readings on the Reason for Faith
  • 2011: The Language of Science and Faith: Straight Answers to Genuine Questions (mam Karl Giberson)

Um Spaweck änneren

Commons: Francis Collins – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. https://www.chicagotribune.com/news/ct-xpm-1990-09-21-9003190188-story.html
  2. https://www.ncbi.nlm.nih.gov/pmc/articles/PMC1559551/
  3. https://slate.com/technology/2009/07/just-how-religious-is-francis-collins-obama-s-nominee-for-director-of-the-nih.html
  4. https://www.asa3.org/ASA/newsletter/julaug09.pdf
  5. https://web.archive.org/web/20130913002555/http://www.hhs.gov/news/press/2009pres/08/20090807d.html
  6. http://archive.li/IdBFS
  7. https://www.nature.com/scitable/topicpage/sequencing-human-genome-the-contributions-of-francis-686
  8. https://www.salon.com/2006/08/07/collins_6/
  9. https://digitalshowcase.oru.edu/cgi/viewcontent.cgi?referer=https://www.google.ru/&httpsredir=1&article=1032&context=sotl_ched
  10. https://www.catholicnewsagency.com/news/human_genome_and_embryology_experts_named_to_pontifical_academy_of_sciences
  11. http://archive.li/de2f
  12. http://articles.latimes.com/2010/sep/18/science/la-sci-francis-collins-jams-20100918
  13. Archive copy Archivéiert op 2014-05-21. Gekuckt de(n) 2018-11-25.