Francesco Bianchini
De Francesco Bianchini (laténgesch Blanchinius), gebuer den 13. Dezember 1662 zu Verona, a gestuerwen den 2. Mäerz 1729 zu Roum, war en italieenesche Philosoph, Astronom an Archeolog.
Francesco Bianchini | |
---|---|
Gebuer |
13. Dezember 1662 Verona |
Gestuerwen |
2. Mäerz 1729 Roum |
Nationalitéit | Republik Venedeg |
Educatioun | Universitéit vu Padua |
Aktivitéit | Astronom, Philosoph, Archeolog, Historiker, Konschthistoriker |
Member vun | Royal Society, Académie des sciences |
De Bianchini huet fir d'Kurie ënner véier Peepst geschafft, an och als Sekretär vun der Kommissioun fir d'Verbesserung vum Kalenner.
Hien huet zu Verona am Jesuitekolléisch geléiert, a vu 1680 un huet hien zu Padua Theologie, Philosophie, Mathematik a Physik an zu Roum vu 1684 un réimesch Archeologie studéiert. De Poopst Alexander VIII. huet hien ënnerstëtzt, an de Clemens XI. hat hien zum Kommissiounssekretär vun der Kalennerverbesserung ernannt. Seng Heemechtsstad Verona huet him an der Kathedral vu Verona e Marmermonument opgeriicht. Seng Biographie gouf vum Mazzaloni (Verona 1735) geschriwwen.
Hien huet vill Bicher publizéiert, inklusiv eng Universalgeschicht d'Istoria universale an d'Wierk Hesperi et Phosphori nova phaenomena sive observationes circa planetam Veneris, an deem hien eng Rotatiounsperiod vun der Venus ofgeleet hat. Haut wësse mer, datt dat wéinst der staarker Wollekendecke vun der Venus onméiglech ass. Hien hat och un der Parallax vun der Venus geschafft, a Miessunge vun der Prezessioun gemaach.
Als Deel vu senge Beméiungen, d'Genauegkeet vum Kalenner ze verbesseren, hat de Bianchini e puer wichteg Mëtteglinnen opgezeechent, déi hie fir d'Positiounsberechnung vun Sonn an anere Stäre gebraucht huet. Déi bemierkenswäertst sinn an der Kathedral vu San Petronio zu Bologna an an der Basilika vu Santa Maria degli Angeli en dei Martiri zu Roum.
Wierker
änneren- Storia universale, provata co' monumenti, e figurata co' simboli degli antichi Rom 1697 u. 1747
- De vitis romanorum pontificum a Petro Apost. ad Nicolaum I. Rom 1718-35, 4 Bde
- Hesperi et Phosphori nova phaenomena sive observationes circa planetam Veneris Rom 1728
- De Calendario et Cyclo Caesaris (1703)
- Camera Ed Inscrizioni Sepulcrali De' Liberti, Servi, ed Ufficiali della Casa di * * Augusto Scoperte nella Via Appia, ed illustrate Con le Annotazioni (Rome, 1727)
- Astronomicae et Geographicae Observationes Selectae 1737
- Del Palazzo de Cesari Opera Postuma (Verona, 1738)
- De Tribus Generibus Instrumentorum Musicae Veterum Organicae (Rom, 1742)
- Opuscula Varia 1754.
-
Hesperi et Phosphori nova phaenomena, 1728
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Santa Maria degli Angeli (Rome) - Sundial – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) Catholic Encyclopedia
- (en) Kuerzbeschreiwung Hesperi et Phosphori nova phaenomena…
- Bianchinis Globus der Venus, 1727. Musée fir Astronomie Museo della Specola, Bologna