Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


De François Wenner, gebuer den 19. Juli 1889 zu Ettelbréck a gestuerwen de 4. Dezember 1965 zu Lëtzebuerg[1], war e Kolonialverwalter. Hie war vum 11. September 1940 bis den 9. Juni 1944 Kommissar a Gouverneur vun der Provënz Lusambo (haut an der Provënz Kasai) am Belsche Kongo.

François Wenner
Gebuer 19. Juli 1889
Ettelbréck
Gestuerwen 4. Dezember 1965
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg, Belsch
Aktivitéit Kolonialverwalter, Offizéier

Liewen änneren

Ufanks vum Éischte Weltkrich ass de François Wenner an déi Belsch Arméi agetrueden an huet déi Belsch Nationalitéit ugeholl. 1918 gouf hien als Kommandant demobiliséiert. 1919 huet hien an der Belscher Ambassade zu Lëtzebuerg geschafft. De 4. Juli 1920 huet hien ugefaange fir déi kolonial Administratioun ze schaffen. Wéi hien 1928 Besuch vum Kinnek Albert I. vun der Belsch krut, huet dësen ironesch gemengt, de Wenner wier e gréissere Leader wéi de Belsche Kinnek, well de Wenner géif en Territoire kontrolléieren, dee siwemol méi grouss wier wéi d'Belsch.

Wärend der Pende Revolutioun 1931, déi sech géint d'Aarbechtskonditiounen an der Palmueleg-Industrie geriicht huet, ass de Wenner net direkt bei der bluddeger Ënnerdréckung vun der Revolutioun intervenéiert. Hien huet awer als Konschtsammler eng ganz Rei Maske vun de Pende-Bevëlkerung gesammelt, déi haut a verschiddene Muséeën ze gesi sinn.

1946 goung de Wenner an d'Pensioun an huet um Belair gelieft.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Doudesannonce vum François Wenner. Luxemburger Wort (6.12.1965). Gekuckt de(n) 6. 1. 2023.

Am Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht war vum 8. Abrëll bis de 6. November 2022 eng Ausstellung iwwer d'kolonial Vergaangenheet vu Lëtzebuerg ze gesinn.