Fränk Arndt

lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Fränk Arndt, gebuer den 10. Juni 1959[1], ass e lëtzebuergesche Gewerkschaftler (OGBL) a Politiker (LSAP). Hie war vum 5. Dezember 2013 bis 2018 an der Chamber[2].

Fränk Arndt
Gebuer 10. Juni 1959
Wolz
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler
Partei LSAP

Hien huet bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 am Walbezierk Norde kandidéiert. Hie gouf net direkt gewielt, ass dunn awer de 5. Dezember 2013 op d'Plaz vum Romain Schneider, dee Minister gouf, nogeréckelt. Bei de Walen 2018 huet hien net méi kandidéiert.

Vun August 2009 bis Juli 2023 war de Fränk Arndt Buergermeeschter vun der Gemeng Wolz[3].

Referenzen änneren

  1. Lëscht vun den LSAP Kandidate fir d'Chamberwalen am Oktober 2013
  2. "Assermentation de 25 nouveaux députés." op chd.lu, gekuckt 2013-12-05.
  3. Artikel op Wort.lu vum 28. Juli 2009