Logo Parteizentral
Piazza San Lorenzo in Lucina 4
Roum
Italien
Basisdonnéeën
Grënnungsdatum:

18. Januar 1994: Grënnung
29. Mäerz 2009: Fusioun mat anere
Parteien an Il Popolo della Libertà
16. November 2013: Ëmbennenung an
Forza Italia

Memberen: 106.000 (2015)[1]
Ideologie: liberal-konservativ
chrëschtdemokratesch
populistesch
Faarwen: Rout, gréng, wäiss (Logo)
blo (politesch Faarf)
Europäesch Affiliatioun: Europäesch Vollekspartei
Websäit: www.forza-italia.it

Forza Italia (kuerz: FI) ass eng italieenesch politesch Partei, déi 1994 vum Silvio Berlusconi gegrënnt gouf. Si ass 2009 mat der Alleanza Nazionale an anere Parteie fusionéiert an huet sech Il Popolo della Libertà genannt. No verschiddene Sezessiounen huet déi sech awer erëm a Forza Italia ëmbenannt.

Geschicht änneren

Ufank an Opstig änneren

 
De Silvio Berlusconi huet d'Forza Italia gegrënnt an dominéiert se nach haut

Forza Italia ass 1993 vum deemolegen Entreprener Silvio Berlusconi an d'Liewe geruff ginn an 1994, zwee Méint virun entscheedende Parlamentswalen, offiziell gegrënnt ginn. Déi Walen hunn an enger Period stattfonnt, an där massiv wéinst Korruptioun, Amtsmëssbrauch an illegaler Parteiefinanzéierung géint vill Politiker ermëttelt ginn ass, wat zum Zesummebroch vun den etabléierten italieenesche Parteie gefouert huet.

D'Grënnung vun der Partei ass finanziell, personell a logistesch staark vum Berlusconi a sengen Entreprisen ënnerstëtzt ginn. Bei de Parlamentswalen 1994 war d'Forza Italia d'Partei mat de meescht Stëmmen an de Berlusconi ass als Ministerpresident vereedegt ginn. Dës éischt Berlusconi-Regierung ass awer am Dezember 1994/Januar 1995 schonn erëm zerfall, nodeem de Koalitiounspartner Lega Nord sech no Streidereien aus der Regierung zeréckgezunn huet. Trotzdeem krut si och bei den Europawalen am selwechte Joer déi meescht Stëmmen (30,6%).

Fënnef Joer an der Oppositioun änneren

D'Parlamentswalen 1996 huet dem Berlusconi seng Walkoalitioun Polo per le Libertà knapps verluer.

1999 ass d'Forza Italia Member vun der Europäescher Vollekspartei ginn.

Bei den Europawalen 1999 an de Regionalwalen 2000 konnt d'Partei e gudde Score opweisen. Bei de Parlamentswalen 2001 krut si 29,4% vun de Stëmmen an de Berlusconi ass nees Ministerpresident ginn a war bis 2006 op dem Posten. D'Regierung Berlusconi II war dräi Joer an 10 Méint un der Muecht a ass domat d'italieenesch Regierung, déi zënter dem Zweete Weltkrich am längste gehalen huet. Si ass duerch d'Regierung Berlusconi III (2005-06) ersat ginn.

Fusioun zur Il Popolo della Libertà änneren

2006 huet d'Koalitioun, zu där d'Forza Italia gehéiert huet, d'Parlamentswale knapps géint dem Romano Prodi seng Koalitioun verluer. Am November 2007 huet de Berlusconi d'Creatioun vun enger neier Partei mam Numm Il Popolo della Libertà (PdL; "Vollek vun der Fräiheet") annoncéiert. Zil war et, déi verschidde Mëtt-Riets-Parteien aus der konservativer Walkoalitioun Casa delle Libertà an enger Sammelpartei ze vereenen, fir e Géigepol zur Mëtt-Lénks-Sammelpartei Partito Democratico ze schafen. Ufanks hunn d'Koalitiounspartner (Alleanza Nazionale, Lega Nord an Unione di Centro) sech awer géint eng Opléisung an déi proposéiert Partei ausgeschwat an d'PdL ass just eng Walallianz bliwwen. Bei de Walen am Mäerz 2008 krut déi Walallianz iwwer 37,39% vun de Stëmmen. Vu Mee 2008 bis November 2011 war de Berlusconi fir d'véierte Kéier Ministerpresident.

Eréischt am November 2008 huet de Berlusconi d'Opléisung vun der Forza Italia annoncéiert an de Parteivirstand vun der Alleanza Nazionale d'Fusioun decidéiert. Am Mäerz 2009 ass Il Popolo della Libertà offiziell gegrënnt ginn.

Ëmbennenung op den alen Numm änneren

 
Logo vu Popolo della Libertà

Am November 2013 huet Il Popolo della Libertà den Numm vun der aler Partei Forza Italia ugeholl. Formell war dat nëmmen eng Ëmbenennung, mä de facto war d'PdL no villen interne Streidereien an Ofspléckungen auserneegebrach.

Aktuell (Oktober 2017) huet d'Forza Italia 58 vu 630 Sëtz an der italieenescher Deputéiertechamber.[2]

Ideologie änneren

D'Forza Italia ass eng heterogen, populistesch Mëtt-riets Partei, déi Chrëschtdemokraten, Wirtschaftsliberaler, Konservativer an deelweis och Sozialdemokrate vereent. Zënter 2013 hu vill Konservativer a Chrëschtdemokraten d'Forza Italia verlooss a si Member vun der neier Nuovo Centrodestra ginn.

An "eethesche" Froen (Ofdreiwung, LGBT-Rechter...) kënnen d'Deputéiert hirem Gewëssen no ofstëmmen.

Um Spaweck änneren

Commons: Forza Italia – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Corriere della Sera (online): Forza Italia, i tormenti di un partito (17. Mee 2015)
  2. Site vun der Camera di deputati (gekuckt de 6. Oktober 2017)