Forêt de Soignes / Zoniënwoud

D'Forêt de Soignes (fr) oder Zoniënwoud (nl) ass e 4.421 Hektar grousse Bësch am südëstleche Rand vu Bréissel. En zitt sech iwwer den Territoire vun de flämesche Gemengen Sint-Genesius-Rode, Hoeilaart, Overijse an Tervuren, de Gemengen Uccle / Ukkel, Watermael-Boitsfort / Watermaal-Bosvoorde, Auderghem / Oudergem a Woluwe-Saint-Pierre / Sint-Pieters-Woluwe an der Haaptstadregioun Bréissel, sou wéi och de wallounesche Gemenge La Hulpe a Waterloo. E gëtt vun den dräi Regiounen zesumme bewirtschaft, bis op den 347 Hektar grousse Kapucijnenbos deen der Donation royale gehéiert.[1]

Forêt de Soignes / Zoniënwoud
Lokalisatioun
Land Belsch
Gemeng Haaptstadregioun Bréissel, Flämesch Regioun, Wallounien
Koordinaten 50°46'16"N, 4°26'49"O
Fläch 4.383 ha


am Hierscht
am Wanter

D'Forêt de Soignes ass en Iwwerrescht vum Kuelebësch, deen an der Antikitéit vum Rhäin bis op d'Nordmier goung. Se war am Mëttelalter am Besëtz vun de Grofe vu Léiwen, dono vum Herzogtum Brabant. Tëscht 1831 an 1836, an den éischte Jore vum neie belsche Staat, huet d'Société générale de Belgique dräi Fënneftel vum Bësch versteet. Déi nei Proprietairen hunn en ofholze gelooss, fir nei Quartieren, oder och en Arboretrum, unzeleeën, soudatt d'Fläch vum Bësch vun 11.500 op 4.700 Hektar erofgoung.

Bis an d'20. Joerhonnert gouf ëmmer nees u senge Ränner ewechgezwackt; d'Autobunn E411 an den R0, wéi och d'Eisebunnslinn Namouer-Bréissel gi riicht derduerch an zerschneiden en, soudatt mat Wëldbrécken an -tunnelle probéiert gëtt, der Parzelliséierung entgéintzewierken.

De Bësch besteet zu iwwer 70% aus Routbuchen, aner Bamaarte sinn Eechen, Käschten, Eschen, Alenter an Ahornen. Plazeweis sinn d'Beem bis zu 200 Joer al.

Deeler vun der Forêt de Soignes, eng 270 Hektar, ginn zanter 2017 vun der Unesco zu der Natur-Weltierfschaft Al Bichebëscher a Bichenurwälder vun de Karpaten an anere Regioune vun Europa gezielt.[2]

Galerie änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Foret de Soignes - Zonienwoud – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Bewirtschafter – Zoniënwoud" opzonienwald.be
  2. whc.unesco.org