Finnesch Mark
fréier Wärung vu Finnland
D'Finnesch Mark (op Finnesch:Suomen markka) (FIM) war vum 4. Abrëll 1860 bis den 31. Dezember 2001 déi offiziell Wärung vu Finnland. Si gouf den 1. Januar 2002 mam Euro ersat, nodeems Finnland der Eurozon bäigetruede war.
1 Pond war an 100 Penniä (Pfennig) ënnerdeelt.
Geschicht
ännerenD'Finnesch Mark gouf als éischt 1863 als Mark agefouert. Kuerz drop hat Finnland de Krich géint Russland verluer, a gouf an d'Russescht Zareräich agegliddert. D'Mark gouf mam Rubel ersat. 1917 gouf Finnland nees onofhängeg, nodeems d'Russescht Zareräich op en Enn koum. Nom Zweete Weltkrich hat d'Wärung eng staark Inflatioun a gouf 1963 reforméiert. Déi fréier 100 Cent goufen 1 Mark.
Wéi den Ëmtoschwäert zum Euro festgeluecht gouf, gouf dee mat 1 EUR = 5,94573 FIM fixéiert.
Billjeeën
ännerenNennwäert | Bild | |
---|---|---|
10 Mark | Paavo Nurmi (1897–1973), Liichtathleet | |
20 Mark | Väinö Linna (1920–1992), Auteur | |
50 Mark | Alvar Aalto (1898–1976), Architekt an Designer | |
100 Mark | Jean Sibelius (1865–1957), Komponist | |
500 Mark | Elias Lönnrot (1802–1884), Schrëftsteller, Philolog an Dokter | |
1000 Mark | Anders Chydenius (1729–1803), Pfarrer, Politiker, Ökonom a Philosoph |
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Finnesch Mark – Biller, Videoen oder Audiodateien |