Fernand Lorang

lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur


De Fernand Lorang, gebuer de 16. Juni 1924 zu Lëtzebuerg, an do gestuerwen den 3. Juli 2009, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur.

Fernand Lorang
Gebuer 16. Juni 1924
Märel
Gestuerwen 3. Juli 2009
Lëtzebuerg
Aktivitéit Schoulmeeschter, Schrëftsteller, Historiker

Seng Enseignantscarrière huet de Fernand Lorang 1945 zu Munneref ugefaangen, duerno koum hien op Rëmeleng, wou e vun 1946 bis 1982 Schoul gehalen huet. Hie war Mataarbechter vum Luxemburger Wort, der Warte, dem Luxemburger Marienkalender, dem Letzeburger Sonndesblad, dem Lëtzebuerger Land, dem Républicain lorrain an der Hémecht.

A sengen Artikelen a Bicher huet hie virun allem regionalhistoresch Theemen am Zesummenhang mat Rëmeleng an dem Keeldall behandelt, mat de Schwéierpunkten: Zweete Weltkrich, Biergbau, Liewen a fréieren Zäiten.

Seng Publikatiounen (Auswiel)

änneren
  • 1975: Im Vorfeld der Maginot-Linie 1939-1940: ein Bericht über die Kriegsereignisse in Rümelingen bis zum Waffenstillstand 1940. Luxembourg: Éd. "de Frendeskrès", Luxembourg, Imprimerie Saint-Paul, 302 S.
  • 1983: Villerouge-sur-Caille: Petites histoires du Val des Mines. Institut grand-ducal. Section de linguistique, de folklore et de toponymie, Luxembourg, P. Linden, 450 p.
  • 1985: Kayltaler Memorabilien unter besonderer Berücksichtigung der Stadt Rümelingen: ein Erinnerungsbuch. Freiwillige Feuerwehr, Rümelingen (Hrsg.), Editpress, Esch/Alzette, 296 S.
  • 1985: Briefe aus Rümelingen. Luxembourg, Impr. Saint-Paul, 172 S.
  • 1989-1992: Am Dauschen iwer d'Strooss vun Eisen. Bettemburg im Zweiten Weltkrieg. Rümelingen, cop. 1989-1992.
  • 1997: Dët an dat aus der Lëtzebuerger Biergbaugeschicht. 2. Oplo. Luxembourg, Impr. Saint-Paul, 139 S. (1. Oplo 1996).
  • 1999: Bergbauliche Geschichtsblätter aus dem Land der Roten Erde: Zahlen, Daten, Fakten: unter besonderer Berücksichtigung der Kayltalortschaften; hrsg. von der Gemeinde Kayl. Luxemburg, Sankt-Paulus-Druckerei, 231 S.
  • 2003: Aus aler Zäit: Lëtzebuerger Duerftraditiounen, Volléksbräich a Sproochgewunnechten. Luxembourg: Éd. Saint-Paul, 127 S.
  • 2004: Deemools: Lëtzebuerger Duerftraditiounen, Volléksbräich a Sproochgewunnechten aus aler Zäit. Deel II. Luxembourg: Éd. Saint-Paul, cop., 116 S.
  • 2006: Aus aler Zäit: Lëtzebuerger Duerftraditiounen a Sproochgewunnechten. Deel III. Luxembourg: Éd. Saint-Paul, 110 S.
  • 2009: Aus aler Zäit: aus der Lëtzebuerger Sprooch tëscht fréier an haut: dëst an dat géint de Vergiess vun eisen ale Sproochgewunnechten. Deel IV. Luxembourg: Éd. Saint-Paul, 95 S.

Literatur

änneren
  • G. Goetzinger & C.D. Conter (2007): Luxemburger Autorenlexikon. Centre national de littérature Mersch, 687 S. (F. Lorang: S. 382-383).
  • G. Hausemer (2006): Luxemburger Lexikon. Das Großherzogtum von A–Z. Éditions Binsfeld, Luxembourg, 479 S. (F. Lorang: S. 254).
  • H. Leyder: In memoriam Fernand Lorang. Luxemburger Wort, Nr. 194, 22. August 2009, S. 18.
  • RoNa: Fernand Lorang †. Luxemburger Wort, Nr. 154, 6. Juli 2009, S. 12.

Referenzen an Notten

änneren