E falsche Frënd ass e Begrëff aus der Sproochwëssenschaft, a speziell aus der Interlinguistik. E bezeechent e Wuert an enger Sprooch, dat änlech ausgesäit oder sech änlech unhéiert wéi e Wuert an enger anere Sprooch, awer eng komplett aner Bedeitung huet.[1]

Beispiller vu falsche Frënn sinn:

  • dat englescht embarrassed ("genéiert") an dat spuenescht embarazada ("schwanger")
  • dat englescht actually ("a Realitéit", "en fait") an dat lëtzebuergescht an däitscht aktuell
  • d'"Mier" ass zee op Hollännesch a Meer op Däitsch , a de "Séi" ass meer op Hollännesch a See op Däitsch
  • salire op Italieenesch bedeit "eropgoen", wärend salir op Franséisch "knaschteg maachen" bedeit an op Spuenesch "erausgoen"
  • fast bedeitend op Däitsch "bal" an op Englesch "séier"
  • brav bedeit op Lëtzebuergesch an Däitsch eppes aneres wéi am Franséischen, wou et "courageéiert" bedeit
  • apparat op Franséisch bedeit "Prunk" oder "Glanz", an huet näischt mam lëtzebuergeschen oder däitschen "Apparat" ze dinn, deen op franséisch "appareil" heescht
  • liegen bedeit op Hollännesch "léien", wärend et op Däitsch "leien" bedeit.

De Begrëff kënnt ursprénglech aus dem Franséischen a gouf 1928 vum Maxime Koessler a Jules Derocquigny an hirem Buch Les faux amis ou les trahisons du vocabulaire anglais gepräägt, a spéider an anere Sproochen iwwerholl.[2],[3]

Donieft ginn et och partiell falsch Frënn (faux-amis partiels op Franséisch).[4] Dat si Wierder, déi zwar an zwou Sproochen eng Bedeitung hunn, déi déi selwecht ass, mee déi an enger Sprooch och eng aner Bedeitung hunn an an där anerer net. E Rezept (Lëtzebuergesch, Däitsch) ass wéi déi franséisch recette eng Instruktioun fir ze Kachen, mee dat éischt ass och eng Medikamenteverschreiwung vun engem Dokter, déi op Franséisch ordonnance genannt gëtt. En anert Beispill ass d'Wuert essence, dat am Franséischen an am Engleschen d'Natur vum Wiese beschreift (d'Essenz), mee am Franséischen och de Bensinn bezeechent. Op Englesch dogéint gëtt de Bensinn entweeder petrol (a Groussbritannien) oder gas oder gasoline (an den USA) genannt.

Referenzen änneren

  1. goethe.de: Falsche Freunde Alte Verwandte vum Thomas Böhm (Juli 2020)
  2. Faux amis/Falscher Freund vum Mona Körte, Säit 102, in "Wörter aus der Fremde", Kulturverlag Kadmos, Falko Schmieder, Georg Toepfer (Hg.)
  3. D'Buch am Internet Archive
  4. Les “faux amis” anglais et l'autre côté du miroir vum Henriette Walter in La linguistique 2001/2 (Vol. 37), Säiten 101-112