FAGE (Griichesch: ΦΑΓΕ [ˈfaʝɛ], mam ganzen Numm Fage International S.A., ass eng lëtzebuergesch Molkerei, déi international virun allem fir griichesche Jugurt bekannt ass. Den Numm ass en Akronym vun Φιλίππου Αδελφοί Γαλακτοκομικές Επιχειρήσεις/"Filippou Adelphoi Galaktokomikes Epicheiriseis" - Molkerei vun de Filippou-Bridder; d'Wuert φάγε heescht awer och "iess!" op Griichesch.

FAGE International S.A.
Typ Société anonyme
Grënnungsdatum 1926
Sëtz 145, rue du Kiem
L-8030 Stroossen
Lëtzebuerg
Leedung Athanassios Filippou (CEO)
Mataarbechter 1.009 (31. Dezember 2014)[1]
Ëmsaz 667,9 Mio. US-Dollar (2014)[1]
Produit Mëllechprodukter
Homepage fage

Geschicht änneren

D'Molkerei FAGE gouf 1926 am Athener Quartier Patíssia gegrënnt an huet 1954 domat ugefaangen, sech op Jugurt ze spezialiséieren. 1974 huet se zu Metamórfosi eng nei Produktiounsanlag opgemaach, an där de Jugurt Total produzéiert gëtt. Dee gëtt zanter 1981 och exportéiert an ass mëttlerweil praktesch a ganz Europa ze kréien. Zanter 1993 produzéiert FAGE, fir de griichesche Maart, och nees Kéis, Mëllech a Glace.

Och an den USA huet FAGE mam Total-Jugurt Succès; 2008 gouf zu Johnstown, am Staat New York eng Molkerei opgemaach an där bis zu 12.000 Tonne produzéiert sollte ginn. Zanterhir ass d'Produktioun op 45.000 Tonnen eropgaangen.[2]

Enn 2012 huet Fage säi Firmesëtz vun Athen op Lëtzebuerg (Stroossen) verluecht.[3],[4]

An der Zentral zu Stroossen schaffen 12 Leit. Op de véier Produktiounsplazen (dräi a Griichenland, an eng an den USA) sinn 1.081 Mataarbechter beschäftegt (Stand 2015).[5]

Enn vun den 2010er Joren hat Fage wëlles, an der Industriezon Wolser tëscht Beetebuerg an Diddeleng eng nei Jugurtsfabrick ze bauen. D'Firma hat dofir fir 30 Milliounen Euro vum Staat en Terrain ofkaaft. Déi nei Fabrick hätt solle bis zu 40.000 Tonne Jugurt am Joer produzéieren, woufir eng 180.000 Tonne Mëllech néideg gewiescht wieren - d'Hallschecht vun der Produktioun vu ganz Lëtzebuerg. Fir de Betrib wiere biszu 900.000 Waasser am Joer gebraucht ginn, dat sinn 3 % vum Verbrauch vum ganze Land oder souvill wéi vun der Stad Diddeleng.[6] Enn September 2020 huet Fage matgedeelt, datt se de Projet opginn hätt; de Staat keeft den Terrain zum selwechte Präis zeréck.[7]

Literatur änneren

  • Bernard Thomas: "Fayéyé." d'Lëtzebuerger Land, 26.01.2018; och op land.lu.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 http://international.fage.eu/sites/international.fage.eu/files/financial_news/report_fage_international_s_a_annual_report_31_12_2014.pdf
  2. About FAGE. auf: fageusa.com
  3. http://www.topagrar.com/news/Rind-Rindernews-Griechische-Molkerei-verlegt-Firmensitz-nach-Luxemburg-968283.html
  4. Greek Reporter "FAGE Moves its Headquarters from Greece to Luxembourg."
  5. "Ehrliche Arbeit." d'Lëtzebuerger Land, 29.07.2016. och op land.lu.
  6. B. Thomas, 2018, an der Literatur.
  7. "Fage begräbt Plan für Joghurt-Fabrik in Luxemburg." wort.lu, 22.09.2020.