Fédération luxembourgeoise de tir aux armes sportives


D'Fédération luxembourgeoise de tir aux armes sportives, gekierzt FLTAS, ass den nationale Verband vun de Schéisssportveräiner zu Lëtzebuerg.

Fédération luxembourgeoise de tir aux armes sportives
Ofkierzung FLTAS
Grënnungsdatum 06.11.1953
(ASBL 29.09.2006)
Sëtz 3, route d'Arlon
L - 8009 Stroossen
Generalsekretär Claudia Dall'Agnol
Sekretärin Marianne Meiers
Member vu(n) COSL, ISSF, FITASC, ESC, AFTSC, WBSF.
Websäit www.fltas.lu

D'FLTAS ass 1953 gegrënnt an de 29. September 2006 am Handelsregëster als ASBL registréiert ginn[1].

Se huet hire Sëtz zu Stroossen an ass Member vum COSL a vun der International Shooting Sport Federation (IISF), der Fédération internationale de tir aux armes sportives de chasse (FITASC), der European Shooting Confederation (ESC), der Association de fédérations de tir sportif de la communauté européenne (AFTSC) an der World Benchrest Shoting Federation (WBSF)[2].

Geschicht

änneren

D'FLTAS ass de 6. November 1953 ënner dem Numm Fédération luxembourgeoise des armes sportives de chasse, gekierzt FLTASC, gegrënnt ginn.

Den éischte Kongress war de 6. Mäerz 1955 am Hôtel de l'Europe zu Dikrech. No de statutaresche Walen huet sech de Comité zesummegesat aus dem Dr Aloyse Willems als President, dem Lucien Knepper als Vizepresident, dem Jos. Reichling als Generalsekretär an dem François Sand als Generaltresorier, souwéi de Membere Jean Brucher, Ed. Grun, Mich. Hansen, René Konen, Pierre Roger a Billy Wollems.

D'Fédération luxembourgeoise des armes sportives de chasse ass[Wéini ?] a Fédération luxembourgeoise de tir aux armes sportives ëmbenannt ginn.

Organisatioun

änneren

D'Presidentin vun der FLTAS ass zënter 2010 d'Claudia Dall'Agnol.

Fréier Presidenten

änneren

Membere vun der FLTAS

änneren

Literatur zum Theema

änneren
  • Henri Bressler, François Faber, Pilo Fonck, André Ludwig a Charles Rolling am Artikel iwwer d'Fédération luxembourgeoise de tir aux armes sportives, Flambeau N° 26 vum Juli 1984 S.18-S.27

Um Spaweck

änneren

Referenzen an Notten

änneren
  1. Am Handelsregëster (lbr.lu) ënner der Nummer F5583 agedroen
  2. (fr)Sur Nous. Fédération luxembourgeoise de tir aux armes sportives. Gekuckt de(n) 23.12.2023.