Den Explorer 2 war den zweete Satellit vum Explorer-Programm, dat den éischten a gläichzäiteg ëmfangräichste Programm vu Satellitten a Raumsonde vun den USA war. De Fluch sollt eng Widderhuelung vun der gelongener Missioun Explorer 1 ginn. Awer déi 4. Stuf vun der Juno I Drorakéit hat net gezünnt, sou datt de Satellit a keng Ëmlafbunn koum.

Explorer 2
Start vum Explorer 2
Typ Fuerschungssatellit
Land  USA
Agentur NASA
Mass 14,52 kg
Start 5. Mäerz 1958, 18:28 UTC
Startplaz Cape Canaveral LC-26A
Drorakéit Jupiter-C/Juno I RS/CC-26
Status Versoe vun der Drorakéit

Den Explorer 2 war ënner anerem fir d'Miesse vun der kosmescher Stralung mat engem Geigerzieler ausgerëscht, sowéi engem Apparat fir d'Detektéiere vu Mikrometeoritten.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren