Exchange (Skulptur)

Skulptur vum US-amerikanesche Kënschtler Richard Serra

Exchange ass den Numm vun enger monumentaler Skulptur vum US-amerikanesche Kënschtler Richard Serra aus dem Joer 1996, déi an der Stad Lëtzebuerg um Kierchbierg am Rond-point Serra opgestallt gouf.

Exchange
Typ Skulptur
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Avenue John-F.-Kennedy
Koordinaten 49°38'7,001"N, 6°10'36,001"O
Héicht 20,20 m
Material Stol
Kënschtler Richard Serra

Si besteet aus siwen 20,20 m héije Placken aus Cor-Ten-Stol, déi, wéi Spillkaarte bei engem Kaartenhaus zesummegestallt sinn an eng Zort Tuerm forméieren[1].

All eenzelt Stéck weit 33 Tonnen a gouf am Saarland gewalzt. D'Konschtwierk, dat 19 Millioune Lëtzebuerger Frang kascht huet, gouf vun dräi Firme bezuelt, déi et dem Fonds Kirchberg als e permanente Prêt zur Verfügung gestallt hunn[1].

En anere Projet fir eng Installatioun op där Plaz, deen net zeréckgehale gi war, war eng iwwerdimensionéiert Tennisrackett vum Kënschtler Claes Oldenburg. Den Tennisball, deen dozou gehéiert hätt, hätt dann iergendwou op d'Place de l'Europe solle kommen[1].

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 "Urban Living Kierchbierg: Exchange vum Richard Serra." Reportage vum Christian Mosar um Radio 100,7, 24. 10. 2015. (MP3). (ass net méi online)