En Europäescht Reglement (fr: règlement, de: Verordnung) ass en europäescht Gesetz, dat vum europäesche Legislateur, d. h. dem Conseil vun der Europäescher Unioun, meeschtens zesumme mam Europäesche Parlament decidéiert ginn ass.

Et ass an alle Memberstaaten wuertwiertlech a mat allem, wat dra steet, zu deem Dag, wou et am Journal Officiel vun der EU verëffentlecht gëtt, gëltegt Gesetz. Meeschtens sinn dat genee technesch Normen, déi domat decidéiert ginn, oder genee Zommen oder Prozentsätz, wéi z. B. bei TVA.

Et ass z'ënnerscheede vun enger Direktiv.

Kuckt och änneren

  Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.