Eugène Nickels

lëtzebuergesche Politiker
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Eugène Nickels (genannt Berens Ugen[1]), gebuer 1891, a gestuerwen den 11. Oktober 1961[2], war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker.

Eugène Nickels
Gebuer 1891
Gestuerwen 11. Oktober 1961
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Stroosseschëld vun der Rue Eugène Nickels.

Vu Beruff war den Eugène Nickels Aarbechter, zum Schluss Viraarbechter, op der Dummeldenger Schmelz, wou hie vun 1911 u 43 Joer geschafft huet. Hie war och bis kuerz viru sengem Doud 27 Joer laang Koschter an der Parkierch vu Luerenzweiler.[1]

1935 gouf hien eng éischt Kéier an de Gemengerot vu Luerenzweiler gewielt, an zanterhier all Kéiers erëmgewielt. Hie war vun 1946 bis zu sengem Doud, 1961, Buergermeeschter vun där Gemeng.[1]

Fir un hien z'erënneren, gouf zu Luerenzweiler eng Strooss, d'Rue Eugène-Nickels[3], no him genannt.


Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 1,2 "In memoriam Bürgermeister Eugène Nickels". In: Luxemburger Wort, 114. Jg., n° 291 (18.10.1961), p. 4. [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  2. "Avis de décès 2 Page 11". In: Luxemburger Wort, 114. Jg., n° 286 (13.10.1961), p. 11 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  3. L-7377.