A-Z Luxemburger Illustrierte

fréiert lëtzebuergescht illustréiert Wocheblat
Dëse Journalismusartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


D'A-Z: Luxemburger illustrierte Wochenschrift war e lëtzebuergescht illustréiert Wocheblat, dat vun 1933 bis 1940 erauskomm ass.

A-Z Luxemburger Illustrierte
Déi éischt Nummer vun der A-Z (1/1933)
Typ Illustréiert Wochenzeitung
Sprooch Däitsch
Éischt Ausgab 1933
Lescht Ausgab 1940
Editeur Franz Stoltz
Hubert Clement
Dréckerei Editpress

Déi éischt Nummer, déi Chrëschtdag 1933 erauskoum, hat op der Titelsäit en Tableau vum Henri Rabinger. Op der Säit fënnef war e Wierk vum Sosthène Weis ze gesinn. Als Bäiträg gouf et ënner anerem eng Kuerzgeschicht vum Émile Marx, een Interview mam Batty Weber iwwer den Dialekttheater an een Artikel vum Tony Jungblut iwwer d'Vollekskichen an der Stad, wou Dag fir Dag eng 800 Leit z'iesse kréien. Den Éditeur war de Franz Stoltz.

Am Summer 1934 huet den deemolegen Tageblatt-Direkter Hubert Clément als Éditeur fungéiert. D'Illustréiert gouf dunn an der Genossenschaftsdréckerei produzéiert.

Auswiel vun Ausgaben änneren

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren