Eta-Lyriden[1]
Aktivitéitszäitraum 3. - 12. Mee
Aktivitéitsmaximum 9. Mee
Radiantepositioun
vum Maximum
RA: 19h 08m
DE: +44°
ZHR 3
Populatiounsindex 3,0
geozentresch Vitess 44 km/s

Bei den Eta-Lyriden handelt et sech ëm ee Meteorstroum dee vu Mëtteleuropa aus gutt ze gesinn ass. De Radiant läit am ëstlechen Areal vum Stärebild Lyra, ongeféier 8° nordëstlech vum Haaptstär Vega.

De Mammekierper vun den Eta-Lyriden ass de Koméit C/1983 H1 IRAS-Araki-Alcock, deen am Mee 1983 no laanscht d'Äerd gezunn ass.[2] Am selwechte Joer goufe Meteore vun den Eta-Lyride vu villen Observatiounsgruppe gesinn, woubäi déi héchst registréiert ZHR bei 5,1 Meteore pro Stonn louch.[3]

Referenzen

änneren
  1. IMO Meteor Shower Calendar 2007
  2. Newsletter vom North American Meteor Network (Mee 2007) Archivéiert de(n) 14.05.2007. Gekuckt de(n) 28.07.2007.
  3. Meteor Showers Online