Erasmuskierch zu Beyren
kathoulesch Kierch an der Gemeng Fluessweiler
D'Erasmuskierch vu Beyren ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Musel a Syr Saint-Jacques, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Fluessweiler gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Filialkierch vu Beyren (2013) | ||||
Uertschaft / Plaz | Beyren | |||
Par | Par Musel a Syr Saint-Jacques | |||
Dekanat | Osten | |||
Numm / Patréiner | Hl. Erasmus | |||
Koordinaten | 49° 37’ 53.4’’ N 06° 20’ 10.5’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner ass den hellegen Erasmus, deem säi Fest den 2. Juni gefeiert gëtt.
D'Kierch steet an der Kierchestrooss (rue de l'église), dem CR145. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.
Si gouf den 12. Dezember 2017 op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]
Zur fréierer Par gehéiert ausser der Filialkierch zu Beyren och nach d'Parkierch vu Gouschteng.
Klacken
ännerenD'Kierch vu Beyren huet 2 Klacken am Tuerm, déi am Schlagtoun des" an c' lauden.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Erasmuskierch zu Beyren – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Maacher, Mäertert, Widdebierg, Wormer
- D'Fënstere vun der Kierch vu Beyren op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
-
D'Südostsäit vun der Kierch
-
Den Agank vun der Kierch
-
D'Nordwestsäit vun der Kierch
Referenzen
änneren- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).