Ellen Dorrit Hoffleit

US-amerikanesch Astronomin

D'Ellen Dorrit Hoffleit, gebuer den 12. Mäerz 1907 zu Florence (Alabama) a gestuerwen den 9. Abrëll 2007 war eng US-amerikanesch Astronomin.

Ellen Dorrit Hoffleit
Gebuer 12. Mäerz 1907
Gestuerwen 9. Abrëll 2007
New Haven
Nationalitéit USA
Educatioun Radcliffe College
Aktivitéit Astronom

D'Hoffleit war d'Duechter vun däitschen Awanderer. Si ass am Pennsylvania opgewuess an huet um Radcliffe College Mathematik studéiert. De Bachelor krut si am Joer 1928. Dono war si Fuerschungsassistentin an Astronomie op der Harvard Universitéit (Harvard College Observatory), wou si 1938 promovéiert gouf. Am Joer 1948 krut si eng fest Ustellung als Astronomin zu Harvard. 1956 ass si op d'Yale Universéit gaangen, wou si bis zu hirer Pensioun am Joer 1975 blouf. Op der Yale Universéit gouf si als Autorin vum Bright Star Catalogue bekannt, deen Donnéeë vun den 9110 hellste Stären um Himmel ëmfaasst (Stären, déi mat bloussem A ze gesi sinn). Si ass och Koautorin vum General Catalogue of Trigonometric Stellar Parallaxes, deen d'Distanze (gemooss iwwer d'Parallax) vun 8112 Stären aschléisst.

Si war vun 1957 bis 1978 Direktesch vum Maria Mitchell Observatoire op Nantucket Island, wou si an de Summerméint Course fir weiblech Astronome ginn huet.

Mam Harlan J. Smith huet si d'Hellegkeetsännerunge vum fir d'éischt entdeckte Quasar 3C 273 festgestallt.[1] Si hat och eng Autobiographie geschriwwen (Misfortunes and blessings in disguise: the story of my life). 1988 krut si de George Van Biesbroeck Prize vun der American Astronomical Society.

Den Asteroid (3416) Dorrit ass no hir genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  • John Daintith (Hrsg.) Biographical Encyclopedia of Scientists, CRC Press 2009
  1. Smith, Hoffleit, Light variations in the superluminous radio galaxy 3C273, Nature, Band 198, 1963, S. 650