Eisebunnsbréck Steenem-Edingen
D'Eisebunnsbréck Steenem-Edingen war eng Eisebunnsbréck iwwer d'Sauer tëscht Steenem an Edingen déi vum Drëtte Räich an der Zäit vum Zweete Weltkrich gebaut gouf. Et war eng strateegesch Verbindung tëscht der lëtzebuergescher Sauerstreck an der däitscher Sauertalbahn.
Geographie | |
---|---|
Land |
Lëtzebuerg Däitschland |
Plaz |
Steenem Edingen |
Flosskilometer | 21,150 |
Koordinaten |
49° 48’ 45.2’’ N 06° 29’ 16.2’’ O |
Chronologie | |
Baujoer | 1940 |
Ofgerappt | 1944 / 1945 |
Funktioun | |
Benotzt als |
Eisebunnsbréck (1940) Foussgängerbréck (1941-1944) |
Gleiser | 1 |
Uschloss un |
Sauerstreck Nims-Sauertalbahn |
Féiert iwwer | Sauer |
Technesch Detailer | |
Bréckentyp | Dunnebréck |
Totallängt | ± 500 m |
Material | Holz |
Bemierkungen | |
Bauhär | Wehrmacht |
Mam Bau vun der Bréck gouf den 11. Mee 1940 ugefaangen, a scho fënnef Deeg duerno konnten Zich driwwer fueren. Den Uschloss vum Gleis war op der Sauerstreck beim PK 33,14 an op der Sauertalbahn um PK 27,3.
Fir keng grouss Äerdbeweegunge mussen ze maachen, an d'Gleis am Niveau ze halen, war bal déi ganz Streck tëscht den zwéin Uschlëss op Pilieren opgeriicht ginn. D'Bréck war eng ronn 500 Meter laang an huet um Flosskilometer 21.15 iwwer d'Sauer geféiert. Schonn no e puer Woche war se bei engem Héichwaasser beschiedegt ginn a konnt net méi mat Zich befuer ginn. Se gouf du vun den Awunner vu Steenem a vu Edingen als Foussgängerbréck benotzt. Am Wanter 1944 / 45 gouf s'ewechgerappt.
Kuckt och
ännerenLiteratur
änneren- Weber, Heinrich Theodor, 1997. - Brücken über die deutsch-luxemburgische Grenze. Gollenstein, Blieskastel. ISBN 3-930008-61-0