Édouard Kutter (1934)

lëtzebuergesche Fotograf an Editeur (1934-2022)
(Virugeleet vu(n) Edouard Kutter (1934))
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Fotgoraf Édouard Kutter (1934-2022). Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Édouard Kutter.

Den Édouard Kutter, gebuer de 5. November 1934 an der Stad Lëtzebuerg an och do gestuerwen de 17. Mee 2022[1], war e lëtzebuergesche Fotograf, Editeur a Galerist.

Édouard Kutter
Gebuer 5. November 1934
Lëtzebuerg
Gestuerwen 17. Mee 2022
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fotograf
Famill
Bestuet mat Yvette Giorgetti
Papp Édouard Kutter
Kanner Édouard Kutter, Brigitte Kutter

Hie gouf 1966 Fotograf vum Haff.

En hat säin Atelier an der Stater Avenue Monterey an duerno an der Neier Avenue. An der Biedergaass hat hien d'Galerie Kutter.

Seng iwwer 200.000 Clichéë sinn an der Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg versuergt.

Den Édouard Kutter war de Jong vum Édouard Frédéric Henri Kutter.

Gielchen änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort, 24.05.2022, S. 32
  2. Des personnalités de la vie culturelle et artistique à l’honneur - Remise de décorations à la Bibliothèque nationale am Luxemburger Wort vum 25. Juni 1976 op der Säit 10 op eluxemburgensia.lu