E.Leclerc
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
E.Leclerc ass eng franséisch Supermarchéschaîne, déi hire Sëtz zënter 2001 zu Ivry-sur-Seine (Val-de-Marne) huet. D'Firma ass als Genossenschaft organiséiert an ass – nieft Frankräich – och an Andorra, Polen, Portugal, Slowenien, Spuenien an zu Lëtzebuerg aktiv.
E.Leclerc | |
---|---|
En E.Leclerc Buttek zu Gaasperech | |
Grënnungsdatum | 1949 |
Grënner | Édouard Leclerc |
Sëtz | Ivry-sur-Seine |
Direkter | Michel-Édouard Leclerc |
Branche | Eenzelhandel |
Homepage | https://www.e.leclerc/ |
Den Numm vun der Firma ass vun hirem Grënner, dem Édouard Leclerc (1926–2012), ofgeleet.
Am Joer 2022 huet E.Leclerc ronn 250.000 Leit beschäftegt, dovun der ronn 140.000 a Frankräich. 2023 louch E.Leclerc op der éischter Plaz vun de Marken a Frankräich mat engem Maartundeel vun 22,7 % (Ufank 2023) an engem Ëmsaz (ouni Dreifstoff) vun 43,9 Milliarden Euro am Joer 2022. Den Haaptkonkurrent vun E.Leclerc ass Carrefour, mat engem Maartundeel vun 20,4 %.
Am November 2023 huet E.Leclerc zu Lëtzebuerg d'Geschäfter vun de Marke Cora, Match a Smatch vum belsche Louis Delhaize Grupp iwwerholl, dorënner déi zwou Cora-Filialen zu Féiz an an der City Concorde mat ronn 470 Mataarbechter, grad wéi déi 720 Mataarbechter aus den zwielef Match-, dräizéng Smatch-Filialen an dem Courthéoux-Sëtz zu Stroossen[1].
Um Spaweck
ännerenCommons: E.Leclerc – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ (de)Cora, Match und Smatch gehören jetzt zu E.Leclerc. Luxemburger Wort (17.11.2023). Gekuckt de(n) 19.11.2024.